Nicolas Rosenfeld
Ausgesinn
| Nicolas Rosenfeld | |
|---|---|
| Gebuer |
27. Mäerz 1875 Fréiseng |
| Gestuerwen |
24. Oktober 1951 Beetebuerg |
| Alter | 76 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Enseignant, Lokalpolitiker |
| Auszeechnungen | Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne |
|
| |
Den Nicolas Rosenfeld, gebuer de 27. Mäerz 1875 zu Fréiseng[1], a gestuerwen de 24. Oktober 1951 zu Beetebuerg[2], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Lokalpolitiker.
Den Nicolas Rosenfeld war Schoulmeeschter an den Oberprimarklassen, an zäitweileg President vum Kathoulesche Schoulmeeschterverband.[3] Hie war Member vum Gemengerot vu Beetebuerg a vun 1934 bis 1941, wou en ofgesat gouf, Buergermeeschter vun där Gemeng.[4]
Éierungen a Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne [2]
Chevalier vum Ordre de Léopold II [2]
- Fir un hien z'erënneren, gouf 1983[5] eng Strooss zu Beetebuerg no him genannt.[6]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Den Nicolas Rosenfeld op www.luxracines.lu
- 1 2 3 (fr) Avis de décès. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 6. Luxemburger Wort (25.10.1951). Gekuckt den 08.06.2026.
- ↑ Internationale religionsethnologische Woche in Luxemburg. In: Luxemburger Wort, 1929. Jg., nº 187&188 (06.07.1929), p. 5 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ Chronik eines 100jährigen Gemeindehauses. In: Tageblatt, nº 234 (10.10.1968), p. 8. [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ Aus dem Gemeinderat Bettemburg: Neue Schülerprämien geben LSAP Genugtuung. In: Tageblatt, nº 117 (24.05.1983), p. 7 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ Bettembourg : Rue Nicolas Rosenfeld. map.geoportail.lu. Gekuckt den 08.06.2026.
