Nicolas Rothermel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Nicolas Rothermel, gebuer de 5. Abrëll 1805 zu Simmern[1] bei Koblenz, gestuerwen de 25. Mäerz 1871 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Apdikter.[2] Hien ass den 12. Abrëll 1832 zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss ginn, wou hien d'Mouerenapdikt an der Stad Lëtzebuerg vum Albert Lenoël iwwerholl huet.[3]

Hien huet sech den 9. August 1832 mat der Catherine-Hélène Wurth (1808-1836), der Duechter vum Dokter Louis Wurth bestuet. D'Koppel hat dräi Kanner: de François Rothermel (*1833), de Jules Rothermel (*1835) an de Louis Charles Rothermel (*1845). De François an de Louis Charles goufen allebéid Apdikter; de Jules gouf Affekot a spéider Friddensriichter op der Kap an zu Réimech, duerno Riichter zu Dikrech an an der Stad.[4]

Den Nicolas Rothermel war ee vun de Grënner vun der Société des Hauts-fourneaux Luxembourgeois.[5]

Dem Nicolas Rothermel säi Brudder Joseph Rothermel war Apdikter zu Arel.[6]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2 (H-R). Eigenverlag, Luxemburg, S. 653-1342.
  • Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques et bibliographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Veuve M. Bourger-Blum, Luxembourg 1886, III, 167 S.
  • Mersch, J., 1967. La famille Wurth. Biographie nationale du pays de Luxembourg., fasc. 15: 165-378. [3]
  • Toelle, A., 1920. Kurze Geschichte des Apothekerwesens im Grossherzogtum Luxemburg. Hofdruckerei Victor Buck, Luxemburg, 19 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D-56337 Simmern (Rheinland-Pfalz, Westerwaldkreis, Verbandsgemeinde Montabaur). [1]
  2. Liez 1886, S. 116s, Kugener 2005, S. 1334-1335.
  3. Toelle 1920, S. 11.
  4. Mersch 1967, S. 182s.
  5. Arrêté royal grand-ducal du 26 janvier 1870, par lequel est autorisé l'établissement de la Société anonyme dite «Société des Hauts-fourneaux Luxembourgeois». Memorial (I), 1870, S. 41-51. [2]
  6. Kugner 2005, S. 1335.