Nicolas Schmit-Noesen
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Architekt Nicolas Schmit, bestuet Noesen. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Nicolas Schmit (Homonymie). |
| Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Nicolas Schmit-Noesen | |
|---|---|
| Gebuer |
10. Oktober 1899 Rëmeleng |
| Gestuerwen |
1. Juni 1964 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Architekt |
| Famill | |
| Bestuet mat | Marguerite Noesen |
| Kanner | Laurent Schmit |
|
| |

Den Nicolas Schmit-Noesen, gebuer als Nicolas Schmit den 10. Oktober 1899 zu Rëmeleng[1], a gestuerwen den 1. Juni 1964 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergeschen Architekt.
Hie war Member vum Institut grand-ducal, Section des arts et lettres.
Den Nicolas Schmit war mat der Marguerite Noesen bestuet; hire Bouf, de Laurent Schmit, war och Architekt[3].
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Postgebai zu Esch-Uelzecht, 1930 (zesumme mat dem Paul Flesch)
- Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht (zesumme mat dem Laurent Schmit)
- Meedercherslycéee zu Esch-Uelzecht
- Kino Empire zu Esch-Uelzecht
- Kino Rex zu Esch-Uelzecht
- Duebelhaus op Nr. 55 an Haus op Nr. 120 an der Uelzechtstrooss zu Esch-Uelzecht
- Kierch zu Baastenduerf
- Ëm- an Ausbau vun der Villa Louvigny (1953; zesumme mam Pierre Reuter, Hubert Schumacher a Pierre Schaack)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, Ss. 197-199
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gebuertsakt Nr. 148 vun der Gemeng Rëmeleng vum 12. Oktober 1899
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 4.Juni 1964
- ↑ (en) Laurent Schmit. prabook.com. Prabook. Gekuckt den 01.10.2022.
