Nicolas Zimmer

Vu Wikipedia
Nicolas Zimmer
Gebuer 1873
Gestuerwen 9. November 1941
Nationalitéit Lëtzebuerg

Den Nicolas Zimmer, gebuer 1873 a gestuerwen den 9. November 1941[1] war e lëtzebuergeschen Industriellen.

Hie war e Self-made-man an Autodidakt, dee sech fir den Handel begeeschtert huet.

Hien huet sech 1898 mat der Anna Maroldt bestuet a si hunn, dat selwecht Joer, zesummen ënner dem Numm Établissements Nicolas Zimmer.Maroldt eng Firma gegrënnt déi ënner dem méi kuerze Numm Nizi spéider bekannt ginn ass. D'Haaptaktivitéit war den Handel mat Materialien (Metaller, Äerzer, Schlaken,...) déi an der Stolindustrie gebraucht gi sinn.

De Familljebetrib gouf 1923 an eng Société anonyme ëmgewandelt a krut den Numm Compagnie des Mines et Métaux S.A. ouni datt d'Aktiviéit vun der Firma geännert huet.[2]

1924 gouf hien ee vun den Administrateure vun der Faarwefabrik 'PRIOR AG'.[3]

Duerch seng weltwäit Kontakter gouf den Nicolas Zimmer spuenesche Vizekonsul zu Lëtzebuerg.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Nicolas Zimmer den 11. November 1941 am Tageblatt Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2012-11-04.
  2. Bras de fer 1918-1929 vum Charles Barthel S. 46-47, saint-paul 2006 ISBN 978-2-87996-735-6
  3. D'Geschicht vun der Faarwefabrik Robin a Prior op industrie.lu