Nicolas de Rutter

Vu Wikipedia
Nicolas de Rutter
Gebuer 1442
Ierpeldeng
Gestuerwen 13. November 1509
Mechelen
Aktivitéit Geeschtlechen, Kanzler, Diplomat, Prévôt

Den Nicolas de Rutter, och Reuter, Ruyttre, Ruttre, Rutthre, Ruythre, Ruterius oder Le Ruistre, gebuer géint 1442 zu Ierpeldeng bei Bous a gestuerwen den 13. November 1509 zu Mechelen, war e Geeschtlechen, Kanzler an Diplomat.

Hie war d'illegitimt Kand vun enger Spuenierin a gouf um Haff vum Philipp dem Gudden erzun. Vun 1469 bis 1473 war e Clerc, duerno gouf en apostolesche Pronotär, an dat selwecht Joer, bis 1479, Zivilgreffier vum Grousse Conseil vu Mechelen. 1478 koum en op d'Universitéit vu Léiwen, wou en een Doktorat gemaach huet.

Den Nicolas de Rutter war och dem Charel dem Kénge säi Sekretär an hat d'Chartë vum Herzogtum Lëtzebuerg a vun der Grofschaft Chiny ze versuergen. Nom Charel sengem Doud gouf e Sekretär vun deem senger Duechter, der Marie vu Burgund, an där hirem Mann, dem Maximilian vun Éisträich. Och d'Finanzen huet e kontrolléiert.

1484 gouf e Maître des requêtes vum Maximilian, a 1488 Prévôt (Probst) vu Sint Bavo zu Haarlem. 1490 gouf en Archidiakon vu Bréissel a 1501 Bëschof vun Arras, wou en e Kolléisch gegrënnt huet.

Hie läit an der Péiterskierch zu Léiwen begruewen.