Nicolas van Werveke

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nicolas van Werveke
Nicolas van Werveke (par Henri Rabinger).jpg
Gebuer 23. Juli 1851
Dikrech
Gestuerwen 24. Februar 1926
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Nicolas Paul Antoine van Werveke, gebuer den 23. Juli 1851 zu Dikrech a gestuerwen de 24. Februar 1926 um Lampertsbierg an der Stad, war e lëtzebuergesche Professer an Historiker, ee vun de bedeitendste vu senger Generatioun.

Hie war villsäiteg aktiv, souwuel um Gebitt vun der Numismatik, der Kultur- an der Sproochfuerschung. Hie war Professer am Stater Kolléisch an an der Industrieschoul an duerno (vun 1909 bis 1911) den éischten Direkter vum Lycée de Jeunes Filles zu Lëtzebuerg (LJFL), deen 1909 gegrënnt gouf.

Den drëtte Band vun der Originaleditioun

Den Nicolas van Werveke huet bei der Opstellung vum Inventar vun der Nationalbibliothéik an dem Opbau vun enger Nationalbibliographie eng wäertvoll Kontributioun geleescht. Hie war de Brudder vum Geolog Leopold van Werveke a vum Architekt an Zeecheprofesser Auguste van Werveke.

Als Undenken un de van Werveke gouf 1933 zu Hollerech eng Strooss no him genannt (Rue Nicolas van Werveke).

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Kulturgeschichte des Luxemburger Landes, 3 Bänn (1924-1926) [Neioplo duerch de Carlo Hury an 2 Bänn (1983-1984) bei den Editions Schortgen, Esch-Uelzecht].
  • Anthologie Nicolas van Werveke, publizéiert duerch d'Société des Amis de Nicolas van Werveke, mat enger Préface vum Jules Vannérus an engem Virwuert vum Edouard Oster; Lëtzebuerg (Drock: Imprimerie de la Cour Victor Bück), 1956; 386 Säiten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hommage à N. van Werveke ; Sonnernummer vun Les Cahiers luxembourgeois, Jgg. 2 (1924-1925), Nr. 7 (Juli 1925); Ss. 503-616.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wikisource: Nicolas van Werveke – Quellentexter