Nicole Castan

Vu Wikipedia
Nicole Castan
Gebuer 29. Mäerz 1939
Vanves
Gestuerwen 27. Mee 2022
Lëtzebuerg
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Kënschtler
Nicole Castan: Peinture

D'Nicole Castan, gebuer als Nicole Castanet den 29. Mäerz 1939 zu Vanves (Hauts-de-Seine) a gestuerwen de 27. Mee 2022 an der Stad Lëtzebuerg, war eng franséisch Kënschtlerin, déi zu Lëtzebuerg gelieft huet.

D'Plazen, wou d'Nicole Castan hir Ausbildung krut, waren: d'École supérieure des arts appliqués Duperré, d'École nationale des Beaux-Arts de Paris, d'Académie de la Grande Chaumière.

Als jonk Molerin huet si un enger Rei vu Gruppenausstellungen zu Paräis deelgeholl: Salon d'automne, Salon des indépendants, Salon de la jeune peinture, Salon de Montrouge. Parallel dozou huet d'Nicole Castan Maquettë fir Nobilis gemaach a Biller a Konschtobjete restauréiert.

1975 hat d'Nicole Castan hir éischt eegen Ausstellungen: an der Galerie Chardin zu Paräis an zu Mantes-la-Jolie. Hir éischt Ausstellung zu Lëtzebuerg war 1981 an der fréierer Abtei zu Iechternach. Vun 1982 huet si eng laang Zäit zu Iechternach gewunnt, wou si am Juni 1988 eng eege Galerie, d'Galerie Castan um "Zockerbeerch", opgemaach huet. Nieft villen auslänneschen hunn och vill Lëtzebuerger Kënschtler do ausgestallt, dorënner Leit wéi: Roger Bertemes, François Gillen, Alphonse Hutsch, Émile Kirscht, Guy Michels, Renée Oberlinkels, Pit Nicolas, Bettina Scholl-Sabbatini, Ed. Thibold, Nico Thurm.

D'Meenung vun engem Konschtkritiker[änneren | Quelltext änneren]

De lëtzebuergesche Konschtkritiker Rich Audry huet 1992 déi heiten Appreciatioun iwwer der Nicole Castan hier deemoleg Aarbechte ginn[1]:

Nicole Castan, quoique française, est bien de chez nous. Voilà des années que nous suivons l'évolution de ses peintures. Le nuancement des valeurs colorées dans ses aplats suggère la troisième dimension qui est celle de la profondeur. En ce moment il faut signaler à tout prix le détachement particulièrement accentué de la facture et du ton. La pâte est lisse, peu épaisse et mate. Les couleurs, avec la prédominance de ce vert, intermédiaire entre le bleu et le jaune, sont plutôt sourdes. Nicole Castan met en œuvre toute une somme de moyens pour détourner les règles strictes du néoplasticisme élaboré par Mondrian par crainte de s'enfermer dans un radicalisme trop soutenu. Son goût pour une abstraction par aplats colorés veut que la forme structurée soit l'expression exacte d'une réalité intérieure.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Weffling, M.: Art & Culture Echternach présente: Nicole Castan, une artiste peintre et sa galerie. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1994, Echternach 1995, S. 211-214.
  • Linster, L.: Der Phare stellt vor: Ausländische Künstler in Luxemburg. Heute: Nicole Castan, Malerin und Galeristin. Tageblatt 1994, Nr. 47 (26./27. Februar), S. 17.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rich Audry, 1992. Galerie Castan. Des œuvres qui se compensent. Salon d'hiver 1992. Tageblatt 1992-12-31, S. 11.