Nicole Fontaine
Ausgesinn
| Nicole Fontaine | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Nicole Claude Marie Garnier |
| Gebuer |
16. Januar 1942 Grainville-Ymauville |
| Gestuerwen |
17. Mee 2018 Neuilly-sur-Seine |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun |
Institut d'études politiques de Paris, Faculté de droit de Paris |
| Aktivitéit | Politikerin, Affekotin |
| Partei | Union pour un mouvement populaire |
| Fonctioun | Presidentin vum Europäesche Parlament, Europadeputéiert |
| Gielercher | Commandeur de l'ordre national du Mérite, Grousskräiz vum Isabellauerden, Chevalier vun der Légion d'honneur, Robert-Schuman-Medail |
|
| |
D'Nicole Claude Marie Fontaine, gebuer de 16. Januar 1942 zu Grainville-Ymauville, an der Normandie, als Nicole Claude Marie Garnier, a gestuerwen de 17. Mee 2018[1], war eng franséisch Politikerin.
Si war vun 1999 bis 2002 Presidentin vum Europäesche Parlament (Europäesch Vollekspartei), an dat se fir d'éischt 1984 gewielt gouf, a vun deem se vun 1989 bis 1999 Vizepresidentin war.
Vun 2002 bis 2004 war s'ënner dem Premierminister Jean-Pierre Raffarin, Ministre-déléguée fir Industrie. Vun 2004 bis 2009 war si nach eng Kéier Deputéiert am Europaparlament.
Si war zanter 1964 mam Jean-René Fontaine bestuet an hat mat him eng Duechter.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "L'ancienne ministre Nicole Fontaine est décédée." lepoint.fr, 2018-05-18.
