Op den Inhalt sprangen

Nicușor Dan

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Nicusor Dan)
Nicușor Dan
Funktioun
6. President vu Rumänien
26. Mee 2025 -
Virgänger Klaus Iohannis
Ilie Bolojan (kommissaresch)
Partei Onofhängeg
Biographie
Gebuer 20. Dezember 1969
Făgăraș
Nationalitéit Rumänien
Educatioun Universitéit vu Bukarest,
École normale supérieure,
Radu Negru National College
Liewenspartner(in) Mirabela Grădinaru

Den Nicușor Daniel Dan, gebuer den 20. Dezember 1969 zu Făgăraș, ass e rumänesche Politiker, an zanter dem 26. Mee 2025 President vu Rumänien.

Hien huet en Doktorat a Mathematik an huet dat Fach op der Universitéit Bukarest enseignéiert. 2006 huet hien de Veräin Salvați Bucureștiul an d'Liewe geruff, war Deputéierten am rumänesche Parlament an de Grënner a fréiere President vun der liberaler Partei Uniunea Salvați România (Unioun Rett Rumänien). Vun 2020 bis 2025 war hie Buergermeeschter vu Bukarest. Bei de Presidentschaftswalen am Mee 2025 gouf hien als neie President vu Rumänien gewielt.

 Commons: Nicușor Dan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]