Op den Inhalt sprangen

Niels-Henning Ørsted Pedersen

Vu Wikipedia
Niels-Henning Ørsted Pedersen
Gebuer 27. Mee 1946
Osted
Gestuerwen 19. Abrëll 2005
Alter 58 Joer
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Dänemark
Aktivitéit Komponist, Jazzmuseker, Universitéitsprofesser, discographesche Kënschtler, Kontrabassist, Bassist, Museker
Member vun Primož Grašič Trio

Den Niels-Henning Ørsted Pedersen (NHØP), gebuer de 27. Mee 1946 zu Osted an Dänemark, a gestuerwen den 19. Abrëll 2005 zu Ishøj, war en däneschen Jazz-Kontrabassist.

Nodeem den Ørsted Pedersen 6 Joer Piano geléiert hat, huet en ugefaangen, Kontrabass ze spillen.

Am Alter vu 16 Joer krut e vum Count Basie eng Offer, fir an deem sengem Orchester ze spillen. Mä hien huet sech entscheet, fir en Engagement am Kopenhagener Jazzklub Montmartre Jazzhuset opzetrieden a gouf Member vum dänesche Radiosorchester.

Vun der Zesummenaarbecht vum NHØP mam schweedeschen Jazz-Gittarist Ulf Wakenius huet de Label Verve e puer Placken erausginn.

 Commons: Niels-Henning Ørsted Pedersen – Biller, Videoen an Audiodateien