Nighthawks (Bild)

Vu Wikipedia
Nighthawks
Informatiounen
Kënschtler Edward Hopper
Joergang 1942
Artistesche Stil Realismus
Technik Ueleg
Längt 152 cm
Héicht 84 cm
Plaz Art Institute of Chicago
Stad Chigago
Land  USA

Nighthawks (engl. wuertwiertlech: "Nuetsbrokätz", dem Sënn no: "Nuetseilen") ass en Tableau (Ueleg op Toile), deen den US-amerikanesche Moler Edward Hopper 1942 kreéiert huet. D'Bild gëllt als dem Hopper säi bekanntste Wierk an ee vun de bemierkenswäertste Biller vun der US-amerikanescher Molerei. Et ass 84,1  op  152,4 cm grouss an hänkt haut, zesumme mat anere Biller vum Hopper, am Art Institute of Chicago zu Chicago.

Et weist en Diner, also en einfache Restaurant, wou ee spéit owes nach eppes z'iesse kritt, um Eck vun zwou eidele Stroossen an enger Stad. Nieft dem Mann hannert dem Comptoir, a wäisser Uniform, sinn dräi Clienten dobannen: eng Koppel, bei där de Mann fëmmt an d'Fra eppes ësst, an e Mann, deen ee vu hanne gesäit. D'Bild ass haaptsächlech an de Faarwe Giel, Raschtbrong, Turquoise a Glasgréng gehalen.

Den Hopper sot eng Kéier an engem Interview, hien hätt sech un enger Kräizung op der New Yorker Greenwich Avenue am Greenwich Village inspiréiert, wou hie joerzéngtelaang gewunnt huet an säin Atelier hat. Et ass awer eng vereinfacht an idealiséiert Duerstellung, keng realistesch.[1]

Hien huet sech selwer als Modell fir déi männlech Persoune geholl, fir d'Fra um Bild huet seng Fra Josephine Modell gestanen (wéi och fir déi weiblech Figuren op anere vu senge Biller). Si war et och, déi den Titel Nighthawks proposéiert hat.

Nighthawks gouf eng Abberzuel Kéiere kopéiert, zitéiert a parodéiert, z. B. andeems d'Persounen um Bild duerch anerer ersat goufen (bekannt ass z. B. Boulevard of Broken Dreams vum Gottfried Helnwein, op deem Ikone vun der amerikanescher Popkultur (Humphrey Bogart, James Dean, Marilyn Monroe an Elvis Presley) ze gesi sinn.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doss: Edward Hopper, Nighthawks, and Film Noir. 1983, S. 21.
  2. "Gottfried Helnwein: Boulevard of Broken Dreams II (1984)". op helnwein.com, Archivéiert)