Nikolaos Mantzaros
Nikolaos Mantzaros | |
---|---|
Gebuer |
26. Oktober 1795 Korfu |
Gestuerwen |
12. Abrëll 1872 Korfu |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Republik Venedeg, Kinnekräich Griicheland, Griicheland |
Aktivitéit | Komponist |
Den Nikolaos Chalkiopoulos Mantzaros, gebuer 1795 op Korfu, a gestuerwen den 12. Abrëll 1872, war e griichesche Komponist a Musekpädagog.
Säi Wierk
[änneren | Quelltext änneren]De Mantzaros huet tëscht 1828 an 1830 d'Hymn un d'Fräiheet vertount, déi säi Kolleeg Dionysios Solomos 1823 op Zakynthos gedicht hat an déi am Ganzen 158 Strofe laang ass. Déi éischt zwou - volkstümlech - Strofe vum Lidd goufen de 4. August 1865 duerch de Kinnek Georg I. zur griichescher Nationalhymn erkläert.
Schonn 1844 hat deen éischte griichesche Kinnek, den Otto I. vu Wittelsbach, dem Mantzaros fir eng "méi eescht" Zweetkompositioun e Gielche ginn an dës Fassung temporär zur Nationalhymn erhuewen.
Gedréckt gouf d'Originalwierk just eng eenzeg Kéier, nämlech 1873 zu London, ee Joer nom Mantzaros sengem Doud. De Komponist hat säi Manuskript nämlech ni selwer zur Verfügung gestallt.