Nobelen aachtdeelege Pad

Vu Wikipedia
Déi 8 Speeche vum Dharmachakra symboliséieren den aachtdeelege Pad.

Den Nobelen aachtdeelege Pad gouf vum Buddha opgestallt a besteet aus enger Rei Uweisungen, déi als richteg Äntwert op d'Weltgesetz vu Kram a Samsara, dat jiddwerengem d'Konsequenze vu sengem Handele weist an duerno bestrooft a belount, ze verstoen sinn. Am Allgemengen hält deen, deen dëse Pad geet, sech vun Extremer ewech. Et ass virun allem e Mëttelwee tëscht ziggellosem Hedonismus an ruinéiser Askees. Well et fir e Laie praktesch onméiglech ass, déi Uweisungen a säin Alldag z'iwwerdroen, riicht de Buddha sech virun allem u Mënchen, déi hiert ganzt Liewen dëser Aufgab verschreiwen.

Dëse Pad ëmfaasst, wéi den Numm scho seet, aacht Deeler:

  1. Richteg Usiicht ass d'Erkenntnes an d'Erkenne vun de véier edele Wourechten. Dozou zielt och d'Usiicht, datt dat eegent Ech keng Substanz ass, wéi och, datt et am Liewen keen dauerhaft Gléck gëtt.
  2. Richtege Wëllen hëlt d'Asiicht eescht a setzt se konkreet ëm, andeems ee sech vum Wëllen an Haass fräimecht a gutt mam Nächsten ëmgeet. Dozou zielt och, datt ee kee Liewe zerstéiert.
  3. Richtegt Schwätze vermeit Ligen, Verleumdung, Fluche souwéi onnëtzt Geschwätz a Getraatsch.
  4. Richtegt Handele verbitt d'Morden, d'Klauen a sexuell Ausschweifungen. Wann een als Mënch géint eent vun deene Verboter verstéisst, muss een domat rechnen, aus dem Uerden entlooss ze ginn.
  5. Richtegt Liewe bedeit e Beruff auszeüben dee kengem schuet. Dat verbitt den Handel mat Waffen, Liewewiesen, Fleesch, Alkohol a Gëft. Konkreet soll e Buddhist also weeder Schächter, Metzler, Jeeër, Fëscher oder Henker ginn.
  6. Richteg Ustrengung verbitt all Gefillsreegung, déi der Meditatioun widdersprécht. Fir der Meditatioun méi no ze kommen, soll ee seng Gefiller kontrolléieren an dem Schéinen an Ellene vis-à-vis gläichgülteg sinn.
  7. Richteg Opmierksamkeet oder och richtegt Bewosstsinn verlaangt, sech dem ganze mënschleche Kierper mat all sengen Eegenaarte vollkomme bewosst ze sinn. All Funktioune vun Otme bis Denke sollen an d'Bewosstsinn gehuewe ginn, fir se ze disziplinéieren.
  8. Richteg Meditatioun ass dat absolut Zil vum Nobelen aachtdeelege Pad. Hei soll et zur Fräiheet an zur Asiicht kommen. Et ass och eréischt hei wou all Leed iwwerwonne gëtt. Fir déi richteg Meditatioun z'erreeche gëtt et eng Rei vun Techniken a Methoden.