Nobelpräis fir Chimie
Den Nobelpräis fir Chimie (och Chimie-Nobelpräis) ass eng vu fënnef Kategorie vum Nobelpräis a gëllt als déi héchst Auszeechnung fir Leeschtungen um Gebitt vun der Chimie.
Nom Testament vum Alfred Nobel soll de Präis an d'Geld un déijéineg Persoun goen, déi an deem betraffene Gebitt der Mënschheet am vergaangene Joer dee gréissten Notze bruecht huet. De Präis ass a fënnef Kategorien agedeelt, op déi d'Präisgelder zu gläichen Deeler verdeelt ginn.
Nodeems den Numm vum Laureat uganks Oktober ugekënnegt gëtt (traditionell den Dag nodeems de Laureat vum Physik-Nobelpräis bekannt gemaach gouf) gëtt de Präis zesumme mat deenen anere Kategorie vum Präis, mat Ausnam vum Friddenspräis, all Joer zu Stockholm iwwerreecht. De Chimie-Nobelpräis gëtt den 10. Dezember, um Doudesdag vum Präisstëfter Alfred Nobel (1833–1896) vum schweedesche Kinnek iwwerreecht.
Den Nobelpräis gëtt an der Kinneklech Schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften verginn an ass zanter 2017 mat néng Millioune schweedesche Krounen (ronn 879.000 Euro) dotéiert.
Präisdréier
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Laureate vum Nobelpräis fir Chimie.
- Den Nobelpräis fir Chimie gouf bis elo 180 Persounen unerkannt (Stand: 2018).
- Den éischte Laureat 1901 war den Hollänner Jacobus Henricus van 't Hoff.
- Nieft der Marie Curie kruten nëmme véier weider Fraen de Chimie-Nobelpräis: 1935 hir Duechter d'Irène Joliot-Curie (zesumme mat hirem Mann Frédéric Joliot-Curie), 1964 d'Britin Dorothy Hodgkin, 2009 d'Israelin Ada Yonath an 2018 d'US-Amerikanerin Frances H. Arnold.
- Deen Eenzege deen de Chimie-Nobelpräis zweemol kritt huet war de Frederick Sanger. Hie krut de Präis eleng am Joer 1958 an e gouf 1980 en zweet Kéier mam Nobelpräis fir Chimie ausgezeechent, déi Kéier nieft dem Paul Berg an dem Walter Gilbe, deenen de Präis hallef unerkannt gouf.
- Zwéi Laureaten hunn och en Nobelpräis an enger anerer Kategorie kritt:
- D'Laureatin vun 1911, d'Marie Curie, war schonn 1903 mat dem Nobelpräis fir Physik ausgezeechent ginn.
- De Linus Carl Pauling war de Laureat am Joer 1954 a gouf ausserdeem 1962 fir säin Engagement géint d'Atomwaffen mam Friddensnobelpräis ausgezeechent.
- De Roger D. Kornberg, de Laureat vum Joer 2006, ass de Jong vum Arthur Kornberg, deen 1959 zesumme mat Severo Ochoa den Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin kritt hat.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nobel Prize in ChemistryNobelpräis fir Chimie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Nobelpräisdréier fir Chimie – Biller, Videoen oder Audiodateien |