Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Nobelpräis fir Physilogie oder Medezin ass no dem Testament vum Alfred Nobel geduecht fir Persounen aus dem Medezinberäich oder aus der Recherche an der Biologie z'éiren, deenen hir Aarbechten e grousse Fortschrëtt am Wëssen oder an den Technike vun deene Wëssensgebidder mat sech bruecht hunn.

De Präis gëtt attribuéiert vun enger Jury vu Professere vum Karolinska-Institut, déi de Präisdréier aus engem Choix vu ronn foffzeg Kandidaten erausichen, déi den Nobel-Komittee proposéiert.

Nodeem de Präisdréier ugaangs Oktober bekannt gemaach gëtt, kritt hien d'Medail an den Diplom vun der Fondatioun, vum schwedesche Kinnek offiziell den 10. Dezember, um Joresdag vum Doud vum Alfred Nobel iwwerreecht.

Zanter 2001 huet de Geldpräis deen domat verbonnen ass, de Wäert vun zéng Millioune schwedesche Krounen, wat eppes Klengs weider ass wéi eng Millioun Euro.

Fir eng Lëscht vun de Präisdréier kuckt w.e.g Lëscht vun den Nobelpräisdréier fir Physiologie oder Medezin

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nobel laureates in Physiology or Medicine – Biller, Videoen oder Audiodateien