Norbert Campagna

Vu Wikipedia
Norbert Campagna
Gebuer 1963
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vun Heidelberg,
Universitéit vu Cambridge,
Universitéit vun Tréier,
Université Paris-Est
Aktivitéit Lycéesprofesser, Philosoph, Auteur, Ethiker, Universitéitsprofesser

Den Norbert Campagna, gebuer 1963 zu Péiteng , ass e lëtzebuergesche Philosophiesprofesser, Philosoph an Auteur.

No sengem Universitéitsstudium an der Philosophie an an der Anglistik zu Heidelberg an zu Cambridge, huet den Norbert Campagna 1996 op der Universitéit vun Tréier an der Philosophie promovéiert. 2009 huet hien op der Universitéit Paris-Est och nach eng Habilitatioun fir ze fuerschen a fir Universitéitsaarbechten ze leeden, gemaach.

Hien enseignéiert zanter 1989 am Escher Jongelycée an zanter 2009 als Professeur-associé op der Universitéit Lëtzebuerg.

Seng Recherchen a Publikatioune konzentréiere sech op d'politesch Philosophie, op d'Philosophie vum Droit an op d'Ethik (Moralphilosophie).

Hien ass ënner anerem President vum Comité d'éthique hospitalier vun den Hôpitaux Robert-Schuman an zanter 1995, effektive Member vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal.

Nieft villen Artikelen a wëssenschaftleche Fachzäitschrëften a soss Revuen, z. B. an den Annales de la Section des Sciences morales et politiques de l'Institut grand-ducal oder am forum, huet den Norbert Campagna och eng ganz Rëtsch vu Bicher publizéiert oder mat erausginn (Stand 01/01/2020: 30 Bicher).

2012 krut hien de Prix des Trophées de l'enseignement et de la recherche en éthique zu Paräis iwwerreecht.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Que pouvons-nous savoir? - Entretiens philosophiques avec René Descartes, David Hume et Immanuel Kant autour du problème de la connaissance; Lëtzebuerg, Éditions de l'APESS, 2014; 198 S.; ISBN 978-2-87979-072-5.
  • Alfarabi – Denker zwischen Orient und Okzident; Berlin, Parodos Verlag, 2010; ISBN 978-3-938880-36-4[1]
  • Francisco de Vitoria. Leben und Werk. Zur Kompetenz der Theologie in politischen und juristischen Fragen; Münster, LIT-Verlag, 2009; 238 S.
  • La souveraineté: de ses limites et de ses juges; Laval (Québec), Presses universitaires de Laval, 2008.
  • L'éthique et la sexualité; Paräis, Éditions de La Musardine, 2007.
  • Le droit, la nature et la volonté. Essai sur les fondements de la normativité; Paräis, Éditions L'Harmattan, 2006.
  • Niccolo Machiavelli - Eine Einführung; Berlin, Parerga Verlag, 2003; 180 S.
  • Thomas Hobbes. L'ordre et la liberté; Paräis, Éditions Michalon, 2000.
  • Die Philosophie als Therapie im Werke Jules Prussens; Lëtzebuerg, Publikatioune vum Centre universitaire, 1996; 304 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hausemer, Hubert, 2021. Défense et illustration du libéralisme politique - La philosophie politique de Norbert Campagna. - Die Warte - Perspectives vum 1. Abrëll 2021, S. 8-9.
  • Hausemer, H., 2022. Voltaire, Toqueville und Bertrand de Jouvenel. Politische Philosophie von und mit Norbert Campagna. - Die Warte 16|2723 vum 12. Mai 2022, S. 14-15.
  1. Alfarabi – Denker zwischen Orient und Okzident – Parodos. parodos.de. Gekuckt de(n) 2023-01-25.