Norbert Metz (1811-1885)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Ingenieur Norbert Metz. Fir aner Leit mat deemselwechsten Numm, kuckt wgl. Norbert Metz.
Norbert Metz
Gebuer 2. Februar 1811
Lëtzebuerg
Gestuerwen 28. November 1885
Eech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Famill
Geschwëster Charles Metz, Auguste Metz
Kanner Émile Metz

De Jean Joseph Norbert Metz, gebuer den 2. Februar 1811 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 28. November 1885 zu Eech, war, nieft dem Charles an dem Auguste ee vun den dräi Bridder Metz, déi allen dräi grouss Verdéngschter um Opschwong vun der Lëtzebuerger Wirtschaft hunn.

Den Norbert Metz war Ingenieur vun der École Centrale vu Paräis. Bekannt ass hien als Manager a Politiker.

Den Norbert Metz als Politiker[änneren | Quelltext änneren]

Den Norbert Metz war President vun der Chamber a vun 1848-1853 Member vun der Regierung ënner dem Staatsminister Jean-Jacques Willmar. Hie war Administrateur général des Finances et des Affaires militaires, wéi d'Ministeren deemools nach geheescht hunn. Hien huet pro-belsch Positiounen ageholl an hat e groussen Afloss op d'Aussepolitik.

Den Norbert Metz als Industriellen[änneren | Quelltext änneren]

Wëll seng zwéi Bridder kuerz hannerenee gestuerwe sinn (de Charles 1853 an den Auguste 1854), huet den Norbert Metz sech aus der Politik zeréckgezunn, fir sech ganz mat senge Gesellschafte kënnen ze beschäftegen.

Dem Norbert Metz seng Aktivitéite ware villsäiteg:

  • Eigentlech war e Mëller an huet 1837 de Millekonsortium vun der Société d'Industrie dirigéiert.
  • Zu Arel war hien un enger Tubaksmanufaktur bedeelegt.
  • Des Weideren hat en Affinitéite mat Entreprisen, déi am Bau geschafft hunn.
  • Mat sengem Brudder Auguste huet e vun 1837 un déi Berbuerger Schmelz gegrënnt an dirigéiert.
  • 1843 huet den Auguste Metz d'Geneemegung kritt, fir Eisenäerzer ze verschaffen. Allerdéngs huet et bis 1847 gedauert, bis d'Escher Minett an de Kocksiewe vun hirer Eecher Schmelz (Forges d'Eich) zum Asaz koum.
  • D'Erfindung vum Englänner Henry Bessemer huet dunn de richtegen Opschwong vun der Siderurgie duerch den Auguste an Norbert Metz méiglech gemaach.
  • 1871 ass dunn Metze Schmelz (méi spéit: Arbed Esch-Schëffleng) gegrënnt ginn.
  • Duerch d'Fusioun mat den anere Schmelze koum et dunn 1911, nom Doud vum Norbert Metz, zur Grënnung vn der Arbed.

Et soll och ervirgestrach ginn, datt den Norbert Metz a seng Famill iwwer d'Fondation Norbert Metz vill zum Opbau vun der Eecher Klinick beigedroen hunn.

Den Norbert Metz war mat der Albertine Tesch, der Duechter vum Ferdinand Materne Tesch an der Antoinette Zeitz, bestuet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jules Mersch: Les Metz, La Dynastie du Fer, Biographie National du Pays de Luxembourg, fasicule 12

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]