Op den Inhalt sprangen

Nordmazedoneschen Denar

Vu Wikipedia
Nordmazedoneschen Denar
Typ Wärung
Land Nordmazedonien
ISO-Code MKD
Zentralbank Nationalbank vun der Republik Nordmazedonien
Agefouert 20. Mee 1993
ersetzt Jugoslaweschen Dinar

Den nordmazedoneschen Denar (och, mazedoneschen Denar) (MKD) ass zanter 1992 déi offiziell Wärung vun Nordmazedonien.

1 Denar ass an 100 Deni ënnerdeelt.

Den nordmazedoneschen Denar gouf no der Onofhängegkeet vu Jugoslawien am Joer 1992 offiziell als Wärung agefouert.

Den 20. Mee 1993 goufe Sëlwermënzen agefouert, déi méi spéit erëm ofgeschaaft goufen, wéi mat der Mënzeproduktioun opgehale gouf.

Zanter 2013 gëtt et keng gëlteg Deni-Mënze méi, déi ginn haaptsächlech nëmmen nach u Sammler verdeelt.

 Commons: Nordmazedoneschen Denar – Biller, Videoen oder Audiodateien