North by Northwest

Vu Wikipedia
North by Northwest
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1959
Première 17. Juli 1959
Dauer 136 min
Faarf Faarweg,
Schwaarz-Wäiss
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Alfred Hitchcock
Dréibuch Ernest Lehman
Fotografie Robert Burks
Musek Bernard Herrmann
Produzent Herbert Coleman, Alfred Hitchcock,
fir Metro-Goldwyn-Meyer
Produktiouns-
gesellschaft
Metro-Goldwyn-Mayer
Schauspiller
Cary Grant als Roger O. Thornhill
Eva Marie Saint als Eve Kendall
James Mason als Philip Vandamm
Jessie Royce Landis als Clara Thornhill
Leo G. Carroll als Professer
Martin Landau als Leonard
Edward Platt als Affekot
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

North by Northwest ass en US-amerikanesche Spillfilm, deen 1959 vum Alfred Hitchcock no engem Dréibuch vum Ernest Lehman gedréint gouf. Et ass dëst ee vun de populäerste Filmer vum Hitchcock.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Den New Yorker Publicitéits-Spezialist Roger Thornhill gëtt an engem Restaurant um Wee bei den Telefon vun arméierte Gangster entfouert, déi e fir e gewëssen George Kaplan halen. Si féieren en an eng Villa, wou se n e mat Alkohol voll maachen an dann an den Auto setzen a probéieren, e veronglécken ze loossen. Den Thornhill kënnt dovun, andeems e sech der Police stellt, kann awer net beweise wat geschitt ass, well wéi en d'Police bei d'Haus féiert, ass vun deene Béise keen ze gesinn, an et stellt sech eraus, datt de Proprietär en héije Beamte bei der UNO ass. Wéi den Thornhill sech mat him ënnerhale wëll, fir ze verstoen, wat dat mat deem Kaplan op sech huet, gëtt dësen hannerrécks erstach, an den Thornhill muss sech elo net nëmme virun Onbekannte verstoppen, déi en ëmbrénge wëllen, mä och virun der Police, déi en als presuméierte Mäerder sicht, a gläichzäiteg erausfannen, wien a wou dee Kaplan ass, deen de Grond vun där ganzer Verwiesselung ass.

En Indiz féiert en op Chicago, wou en am Zuch fir dohin déi mysteriéis an attaktiv Eve Kendall kenneléiert...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Dem Hitchcock säi Cameo-Optrëtt ass direkt no den Titele vum Virspan, wou em eng Dier vun engem Bus virun der Nues zougejummt gëtt.

Zeenen, déi an d'Filmgeschicht agaange sinn, sinn ë. a. de Rendez-vous op oppener Gewan, matzen an de Maisfelder, wou den Held op eemol vun engem Pestizide-Fliger attackéiert gëtt, an d'Schlusszeen bei de Presidente-Käpp um Mount Rushmore.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: North by Northwest (1959 film) – Biller, Videoen oder Audiodateien