Op den Inhalt sprangen

Norwegesch Kroun

Vu Wikipedia

D'Norwegesch Kroun (NOK) ass zanter 1875 déi offiziell Wärung vun Norwegen.

1 Kroun ass an 100 Øre ënnerdeelt.

Øre bedeit en Honnertstel.

Duerch e Gesetz vum 17. Abrëll 1875 gouf d'Kroun als Eenheetswärung festgeluecht an offiziell agefouert.

Den 30. Abrëll 2012 goufen d'Øren als Mënzen ofgeschaaft.

Billjeeën am Ëmlaf

[änneren | Quelltext änneren]
Wäert Gréisst Faarf Haaptmotiv Erauskomm
50 Krounen 126 × 70 mm gréng Liichttuerm vun Utvær 18. Oktober 2018
100 Krounen 133 × 70 mm rout Gokstad-Schëff 30. Mee 2017
200 Krounen 140 × 70 mm blo Kabeljau 30. Mee 2017
500 Krounen 147 × 70 mm brong Rettungsschëff RS 14 „Stavanger“ 18. Oktober 2018
1000 Krounen 154 × 70 mm mof Eng Well am oppene Mier 14. November 2019
Commons: Norwegesch Kroun – Biller, Videoen oder Audiodateien