Nothing Else Matters

Vu Wikipedia

Nothing Else Matters ass eng Rockballad vun der Band Metallica. D'Lidd ass dat beléiftst a bekanntst Lidd vun der Band. Et gouf 1991 als véiert Single vum Album Metallica verëffentlecht. Et huet d'Plaz 11 an den amerikaneschen Charts erreecht a war an den Top-Ten a villen europäeschen Charts. D'Lidd war besonnesch bei Hochzäitskoppele beléift.

D'Lidd gouf vum Sänger a Gittarist James Hetfield geschriwwen. Deen huet Gittar gespillt, andeems e mat senger Frëndin telefonéiert huet. Dofir hat hien nëmmen eng Hand fir ze spille fräi, also huet hien en Akkord mat nëmmen eidelen Säite gespillt. Hien huet en Text op d'Lidd geschriwwen, huet allerdéngs näischt dovun erzielt, well hien et net mat der Band verëffentleche wollt, nodeem seng Frëndin Schluss gemaach hat. Wéi den Drummer Lars Ulrich awer, éischter duerch Zoufall, eng provisoresch Opnam vum Lidd fonnt hat, huet hien den Hetfield dozou iwwerriet, d'Lidd mat der Band anzeprouwen an opzehuelen. Et gouf duerno de gréissten Erfolleg vu Metallica, well d'Lidd och bei Net-Metalfans Interessi erwächt huet, wat zum Deel och schonn duerch d'Single One geschitt war. Haut bréngt den Hetfield d'Lidd dacks a Verbindung mat senger Frëndin. Et gouf zanter der Verëffentlechung op all Metallica-Concert gespillt. Obwuel d'Original op der akustescher Gittar gespillt gouf, spille si live ëmmer op der elektrescher Gittar. De Solo vum Lidd iwwerhëlt ausnamsweis den James Hetfield. No dësem Solo gëtt de luesen Outro live net méi gespillt, mä et kennt direkt en anert Lidd hannendrun.

D'Lidd ass eent vun de beléiftste Lidder fir Ufänger op der akustescher Gittar, well een nëmmen eng Hand brauch fir den Unfank vum Lidd ze spillen, sou ass also keng Koordinatioun néideg.