Monument Notre-Dame vu Fatima zu Wolz

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Notre-Dame vu Fatima (Wolz))
Monument Notre-Dame vu Fatima zu Wolz
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Wolz
Plaz Nidderwolz
op Bäessent
Koordinaten 49° 58’ 17’’ N
      05° 55’ 07’’ O
Ageweit 1949
Héicht 406 m
Material Steen
Zu Éiere vun Krichsaffer
D'Portal fir bei d'Monument.

D'Monument Notre-Dame vu Fatima ass e Monument um Flouer op Bäessent zu Nidderwolz dat opgeriicht gouf fir un d'Affer vun den zwéi Weltkricher z'erënneren[1].

D'Monument dat 1949 opgeriicht gouf, steet op enger Héicht vu 406 Meter am Éislek tëscht Wolz an Näertrech, op enger Kopp, déi Hougeriicht heescht. Et kënnt een dohi wann een iwwer den CR329 vu Wolz op Näertrech fiert.

D'Monument ass 1949 op Ufro vun enger Rei Familljen no de Bombardementer vun 1944 opgeriicht ginn[2] an et veréiert d'Muttergottes déi 1917 an der portugisescher Stad Fátima e puermol vun dräi Schéiferkanner soll gesi gi sinn.

Zanter 1969[1] pilgeren haaptsächlech portugisesch Awunner vu Lëtzebuerg op Christi Himmelfaart bei d'Fatima. D'Monument huet sech am Laf vun de Joren zu enger Muttergottes-Pilgerplaz entwéckelt op där mëttlerweil op Christi Himmelfaart eng ökumeenesch Feier ofgehale gëtt. Zanter 1973 sinn déi lëtzebuergesch a portugisesch Fátima-Pilgerplaze matenee jumeléiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Monument Notre-Dame vu Fatima zu Wolz – Biller, Videoen oder Audiodateien


Kathoulesch Muttergottes-Pilgerplazen an Europa
Lëtzebuerg: Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen - Heeschbreger Bildchen
Belsch: Banneux - Beauraing - Foy-Notre-Dame - Moresnet-Chapelle - Werpin
Frankräich: Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine - Monléon-Magnoac - Notre Dame du Puy Rachat - Notre-Dame de La Salette - Schwaarz Muttergottes vu Rocamadour
International: Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau - Covadonga
Pilgerplaze fir Sportler: Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It)

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Pèlerinage portugais à Niederwiltz. Luxemburger Wort (15.05.1973). Gekuckt de(n) 06.05.2022.
  2. Le monument à la Vierge de Fatima. Lëtzebuerger Land, 52. Jg., nº 11, S. 15 (18.03.2005). Gekuckt de(n) 06.05.022.