Nuddel

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Nuddelen)
Nuddelszorten op engem Florenzer Maart
Nuddelen aus Lëtzebuerg

Nuddele sinn Deegwueren aus gedréchentem Mieldeeg, deen net opgaangen ass; mat oder ouni Eeër oder soss Zousätz (Ueleg, püréiert Tomaten oder Spinat,...), a Form vu méi oder manner breede Bänner, Zylinderen, Réier oder dovun ofgeleete Formen, an déi gekacht ginn, fir se z'iessen.

Deemno gehéieren a contrario Deegwueren déi sech net dréchne loossen (Ravioli, etc.) grad wéi déi aus anerem Deeg (Gnocchi, etc.) definitiv net dozou.

D'Wuert Nuddel kënnt vu Kniddel an ass domat en Deel vum grousse Stamm vu lëtzebuergesche Wierder, déi mam Ufankslaut kn- eng Verdéckung ausdrécken (Knuet, Knapp, Knujel, etc.).

Et fënnt sech erëm am Däitschen als Nudel (zanter 1550), am Engleschen als noodle (zanter 1779), an am Franséischen als éischt als noudle oder nudeln (1765) an duerno als nouilles (zanter 1767).

Déi wuel meeschten Nuddelvariante gëtt et an der italieenescher Kichen.

Nuddelen ënnerscheede sech haaptsächlech duerch hir Form a manner duerch hir Bestanddeeler. Et ass d'Form déi d'Haapteegeschafte festleet, wéi d'Kachzäit, d'Kapazitéit fir Zooss opzehuelen, an d'Facilitéit mat där ee se iesse kann.

Nuddelzorten[änneren | Quelltext änneren]

Ficellen[änneren | Quelltext änneren]

Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
Spaghetti dënn Stief kleng Schnéier
Vermicelli ganz dënn Stief kleng Wierm

Bandnuddelen[änneren | Quelltext änneren]

Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
nothumb Fettuccine Band vun ongeféier 1 cm Breet kleng Scheiwen
Lasagne ganz breet Deegplacken Kachdëppen
Linguine platt Spaghetti kleng Zongen
Tagliatelle méi en dënnt Band wéi d'Fettuccine kleng Geschniddener

Huel Nuddelen[änneren | Quelltext änneren]

Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
Bucatini huel Spaghetti kleng Lächer
Macaroni gebéit kleng Tüben
Penne mëttelgrouss Tüben, mat den Enner diagonal ofgeschnidden wuertwiertlech "Plommen", well se den Enner vun de Gänseplomme gläichen
Rigatoni grouss längelzeg geriffelt Tüben, riicht ofgeschnidden gerillt

Kleng Nuddelen[änneren | Quelltext änneren]

Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
Farfalle a Form vun enger Méck oder engem Päiperleck Päiperleck
Fusilli Spiralen Gewierer
Orecchiette a Form vu klengen Oueren kleng Oueren
Strozzapreti onreegelméisseg gerullt Paschtouerwierger

Soss Formen[änneren | Quelltext änneren]

Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
Buschtawen a Form vu Buschtawe vum Alphabet

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nuddelen – Biller, Videoen oder Audiodateien