Nuits d'Arabie (Film 2007)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Nuits d'Arabie)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Nuits d'Arabie
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Éisträich
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Franséisch
Arabesch
Equipe
Regie Paul Kieffer
Dréibuch Paul Kieffer
Philippe Blasband
Fotografie Jean-Louis Sonzogni
Musek Jeannot Sanavia
Produzent Samsa Film
Artemis Productions
Allegro Film
Schauspiller
Jules Werner als Georges Turmes
Sabrina Ouazani als Yamina
Anne-Marie Solvi als Nicole
Marco Lorenzini als Papp
Camille Olinger als Grousspapp
Marie-Paule von Roesgen als Groussmamm
Serge Tonon als Monni
Pat Wengler als Tatta
Pol Hoffmann als Jempi

Nuits d'Arabie ass e lëtzebuergesch-belsch-éisträichesche Film vum Paul Kieffer. De Film hat den 12. November 2007 seng Avant-Première am Utopolis.

E gouf am Ganze vu 5.804 Leit am Kino gesinn.[1]

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Georges Turmes, Schaffner bei der CFL begéint an engem Zuch dem Yamina, dat sech do verstoppt, well et geschloe gouf. Hie këmmert sech em hatt a verstoppt et a sengem Gaardenhaischen. Hatt zielt him vu sech a senger Famill, déi verfollegt géif. Enges Daags ass hatt verschwonnen, an de Georges mécht sech op d'Sich no him...

Den Ënnertitel vum Film ass: Eng Léift tëscht Bouneweg an Tabelbala.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Box office films luxembourgeois 1981-2012" op cna.public.lu (gekuckt:2013-01-19).