Nusakan (Stär)

Vu Wikipedia

Den Nusakan ass den Numm vum Stär β Coronae Borealis (Beta Coronae Borealis) am Stärebild Corona Borealis. Den Nusakan huet eng visuell Magnitude vu +3,68 mag a gehéiert zu der Spektralklass F0. Hien ass 114 Liichtjoer wäit ewech an huet déi 26-fach Liichtkraaft vun eiser Sonn an e Magnéitfeld, dat 10.000-mol méi staark ass.

Den Numm kënnt aus dem Arabeschen Kas al Masakin, wat iwwersat Schuel oder Schossel heescht.

Koordinaten

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie