Marderhond
Dësen Artikel iwwer Hënn ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Marderhond | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E Marderhond | |||||||||||||||
Aner Sproochen: | fr: chien viverrin de: Marderhund, Tanuki | ||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Nyctereutes procyonoides (Gray, 1834) |
De Marderhond, oder gewéinleche Marderhond (Nyctereutes procyonoides), ass eng vun den zwou liewege Raubdéierenaarten aus der Gattung Nyctereutes (Marderhënn) bannent der Famill vun den Hënn (Canidae). Dat originellt Verbreedungsgebitt vum Marderhond läit a China, Russland, Nordkorea, Südkorea, an der Mongolei an am Vietnam. Se liewe gewéinlech a Biergbëscher.
Tëscht 1929 an 1955 goufe knapps 9.000 Marderhënn fir Juegdzwecker am europäeschen Deel vu Russland an an der Ukrain ausgesat. Vun do aus hu se sech séier a Richtung Weste verbreet.[1]. D'Aart ass an der EU als invasiv klassifizéiert[2]. Den 3. Februar 2021 gouf en eng éischt Kéier zu Lëtzebuerg, am Raum Beetebuerg, nogewisen[3].
Vum Kapp bis un den Hënner gi se 66–80 cm laang a se hunn e Schwanz dee 15–25 cm laang ass. D'Gewiicht ass tëscht 4–6 kg (am Summer) oder tëscht 6–10 kg (am Wanter). An der Wanterzäit halen d'Marderhënn aus dem Nordareal eng kuerz Wanterrou[4].
Et gëtt en ettlech Ënneraarte vum Nyctereutes procyonoides[5]. De japanesche Marderhond, oder Tanuki, gouf bis d'Joer 2018 als Ënneraart N. p. viverrinus consideréiert, e gouf spéider als eng eegen Aart Nyctereutes viverrinus ugesinn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Marderhënn – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ http://www.iucnredlist.org/details/14925/0
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 25.06.2017. Gekuckt de(n) 07.08.2017.
- ↑ "Marderhond fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg nogewise ginn." rtl.lu, 08.02.2021.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 07.04.2013. Gekuckt de(n) 30.07.2017.
- ↑ Guillaume de Lavigne. Free Ranging Dogs - Stray, Feral or Wild? – Lulu Press, 2015 – ISBN 978-1-326-21952-9