Objectif Plein Emploi

Vu Wikipedia

Objectif Plein Emploi asbl (OPE) ass den 1. Januar 1999 vun de Verantwortleche vun "Action Sociale pour Jeunes" (ASJ) an Zesummenaarbecht mam OGB-L gegrënnt ginn. Den haitege Verwaltungsrot setzt sech aus 6 Memberen zesummen: dem President (John Castegnaro ass 2012 verscheet), dem Vizepresident Henri Welschbillig, dem Tresorier Walter Gatti, der Sekretärin Marie-Thérèse Sannipoli an den zwéin delegéierten Administrateuren Romain Biever a Romain Binsfeld.

Netzwierk[änneren | Quelltext änneren]

2012 ass OPE en Netzwierk vun 31 lokalen (CIGL), regionalen (CIGR) a sektoriellen (CIGS) Associatiounen, verdeelt iwwer 54 Gemengen. An de CIG schaffen ëm déi 1000 Salariéen an hir Verwaltungsréit setze sech aus 400 Benevolen zesummen.

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

D'Aktivitéite vum OPE berouen op de Prinziper vun der Solidarwirtschaft. All d'Projeten hunn als Zil d'Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun de Bierger. Déi verschidden Aktivitéitsberäicher sinn:

  • Dynamiséierung vun der sozialer Kohesioun
  • Sensibiliséierung fir responsabel Consommatioun
  • Fërderung vun enger participativer Fräizäitgestaltung
  • Valorisatioun vum Liewensëmfeld
  • Recherche an Aktioun
  • Mise en place vun enger Proximitéitskultur.

Fonctionnement[änneren | Quelltext änneren]

OPE huet funktionéiert op Basis vun annuelle Konventioune mam Aarbechtsministère. No Disfonctionnementer um finanzielle Plang bei der Associatioun huet den Aarbechtsminister de 25. Abrëll 2013 decidéiert mat direktem Effet all Relatioune mam OPE opzehalen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]