Oblast
Ausgesinn
En oder eng Oblast[1] ((ru)(uk) область) ass en administrative Verwaltungsbezierk, änlech wéi eng Regioun, deen et a Russland, der Ukrain, a Bulgarien, Wäissrussland, am Kasachstan an am Kirgisistan gëtt.
Aner Bezeechnunge sinn:
- Woblasz: (be) вобласць, (sr) (bg) област, (kk) облыс;
- Oblasť: (sk), Méizuel: облыстар oblystar;
- Oblus: (ky) Облус.
Dës Zort Ënnerdeelung gouf et fir d'éischt am russesche Keeserräich an an der Sowjetunioun.
An der Slowakei bezeechent en Oblast eng statistesch Regioun.
Am Joer 2024 goufen déi russesch, wäissrussesch, ukrainesch a kasachesch Oblasten a Rajonen ((ru)(uk): райо, Distrikt) opgedeelt, eng Ënnerdeelung, déi och aus der Sowjetzäit geierft gouf.
Länner
[änneren | Quelltext änneren]| Land | Ënnerdeelung |
|---|---|
| 28 Oblasten | |
| 17 Oblasten an dräi Stied (Almaty, Astana, Schymkent) mat engem spezielle Status | |
| 7 Oblasten, 40 Rajonen an zwou Stied (Bischkek an Osch) mat engem spezielle Status | |
| 89 Federatiounssujeten, dovu sinn der 46 en Oblast | |
| 24 Oblasten, d'Krim an zwou Stied (Kiew a Sewastopol) mat engem spezielle Status | |
| 6 Oblasten, 118 Rajonen an den Haaptstadbezierk Minsk |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den Oblasten a Bulgarien
- Lëscht vun den Oblasten am Kasachstan
- Lëscht vun den Oblasten am Kirgisistan
- Lëscht vun den Oblasten a Russland
- Lëscht vun den Oblasten an der Ukrain
- Lëscht vun den Oblasten a Wäissrussland
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Oblast – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) un oblast, (de) eine Oblast; op der lb.wiki sinn och béid Formen ze fannen