Obligatioun

Eng Obligatioun, vum laténgeschen "obligare" (verflichten) ofgeleet, ass e Wäertpabeier oder en Titter, deen eng Créance, also eng Schold op eng Gesellschaft ausdréckt.
Definitioun
[änneren | Quelltext änneren]Eng Obligatioun gëtt dem Besëtzer d'Recht op Zënsen an op d'Zeréckbezuele vum abezuelte Kapital oder Prêt. Hien huet awer, am Ënnerscheed zum Aktionär, kee Recht op de Benefice oder an der Gestioun vun der Gesellschaft. En aneren Ënnerscheed zu enger Aktie ass, datt e Staat, eng Stad oder eng ëffentlech Institutioun däerf Obligatiounen, awer keng Aktien erausginn. Obligatioune gi gezeechent bei der Emissioun vun engem ëffentlechen Emprunt oder méi spéit ofkaaft vun deem dee se dee Moment hält - bei den ëffentlech gehandelten Obligatioune kann dat och iwwer d'Bourse geschéien, wann den Emprunt do cotéiert gëtt.
Obligatioune sinn nach ëmmer dat bedeitendst Investitiounsprodukt. Hiren totale Montant iwwertrëfft, weltwäit, bei wäitem d'Kapitalisatioun vun allen Aktien, Optiounen, Wäertmetaller asw. De Maartwäert, oder de Cours, variéiert engersäits mat hirem Charakter (Zënssaz, Lafzäit, Qualitéit vum Scholdner) an anerersäits mam aktuelle Maartzënssaz.
Mat Ausnam vun der klassescher Obligatioun mat fixem Zënssaz (engl."Straight Bond"), sinn déi aner dräi Charakteristiken als Variabel fir d'Berechnung vum Wäert ze betruechten:
- d'Lafzäit kann ënnerschiddlech sinn, am Fall wou e virzäitegt Zeréckbezuele méiglech ass;
- d'Qualitéit vum Debiteur oder sengem Garant ännert jee no senger Geschäfts-a Finanzsituatioun.;
- d'Ännerunge vun de Maartzënse beaflossen de Cours vun allen Obligatiounen.
All d'Charakteristike vun enger Obligatioun musse bei der Emissioun an engem Emissiounsprospekt genee beschriwwe sinn.
Haaptcharakteristiken
[änneren | Quelltext änneren]Emissioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Emissioun ass d'Operatioun, mat där den Emetteur (eng Societéit, e Land, e Staat ...) Appell un Uleeër mécht, fir Geld geléint ze kréien an als Géigeleeschtung gëtt en Obligatiounspabeieren eraus. Tëschenhändler si meeschtens Banken. Si kafen Obligatioune fir se dann un hir Clienten ze verkafen. D'Emissioune si streng duerch eng staatlech Autoritéit reglementéiert; zu Lëtzebuerg ass et d'Commission de surveillance du secteur financier (CSSF) ass. Si muss hiren Accord fir d'Publikatioun vum Emissiounsprospekt ginn. Dora stinn all d'Detailer iwwer déi verschidde Partikularitéite vum Emprunt, wéi beispillsweis den Emissiounspräis, den Zënssaz, d'Lafzäit, d'Remboursementskonditiounen, d'finanziell Lag vum Emetteur a vum Garant asw.
D'Obligatioun gëtt wärend der Souscriptiounszäit zum Emissiounspräis gezeechent. De Präis gëtt ëmmer par Rapport zum Nominalwäert deen um Pabeier steet gerechent an ass a Prozent ausgedréckt.
Bei engem Emissiounspräis vun 100 % seet een den Emprunt kënnt zu pari eraus. Sou bezilt ee fir eng Obligatioun vun 1.000 EUR och 1.000 EUR. Ass de Präis iwwer 100 % da schwätzt ee vun engem Emprunt mat enger Primm. Bei engem Präis vun 100,50 % muss een dann 1.005 EUR fir den Nominalwäert vun 1.000 EUR bezuelen. Well de Remboursement (Zeréckbezuelen) normalerweis zu 100 % gemaach gëtt, geet d'Differenz vu 5 EUR verluer.
Sou ass den Emissiouns- oder Kafpräis wichteg fir d'Berechnung vum Rendement (Ertrag) vum Investissement. Et sief nach gesot, datt de Präis och ënner pari ka sinn, mat engem Discount, da kritt een déi Negativprimm méi eraus beim Remboursement.
Zënssaz
[änneren | Quelltext änneren]Wann den Zënssaz (taux) vum Emissiounsdatum bis zum Remboursement (Zeréckbezuelen) dee selwechte bleift, schwätzt ee vun enger klassescher, festverzënster Obligatioun oder engem straight bond. E gëtt bei der Emissioun vum Pabeier fixéiert. D'Bezuele vun den Zënsen ass normalerweis all Joer op dem selwechten Datum, an de Betrag gëtt op den Nominalwäert gerechent, deen um Titre steet. Bei all fällegen Datum gëtt dann ee Coupon vum Titre geschnidde fir anzekasséieren.
Wa kee festen Taux bei der Emissioun fixéiert gëtt, ass et eng Obligatioun mat variabelem Zënssaz oder op Englesch Floater. Den Zënssaz gëtt e puer Deeg virun all Couponstermäin, deen normalerweis all dräi Méint verfält, nei festgeluecht. D'Basis fir d'Berechnung vum Taux ass de Maartzënssaz vun enger grousser Finanzplaz, dat an der Reegel London ass. Dee Referenztaux ass an deem Fall de LIBOR (London Interbank Offered Rate). De gerechenten Zënssaz läit eppes iwwer dem LIBOR. Den Ënnerscheed, deen och Spread am Finanzjargon genannt gëtt, ass méi oder manner grouss, relativ zu der Qualitéit vum Emetteur (Scholdner), vum Floater. Well den Taux reegelméisseg un de Maart ugepasst gëtt, gëtt et keng grouss Variatiounen am Cours vun engem Floater.
Et gëtt iwweregens och Obligatiounen, déi keng Zënsen ausbezuelen. D'onverzënsten Obligatioun ass am Allgemenge bekannt ënner der Denominatioun Zero Bond. Den Ertrag ass hei den Ënnerscheed tëscht dem Emissiouns- an dem Remboursementspräis.
Lafzäit
[änneren | Quelltext änneren]D'Lafzäit ass d'Period vum éischten Dag wou d'Zënsen ulafen, bis den Datum wou d'Kapital zeréckbezuelt gëtt. Se gëtt bei der Emissioun vum Emetteur festgeluecht a gëtt an 3 Kategorien aklasséiert:
- déi kuerzfristeg bis 4 Joer;
- déi mëttelfristeg 4 bis 8 Joer;
- déi laangfristeg iwwer 8 Joer, ginn och alt mol „Renten“ genannt.
Meeschtens ka se nach ewell variabel sinn, well den Emetteur sech d'Recht virbehält, zu gewëssenen Datume virzäiteg zeréckzebezuelen.
Tëscht der Reschtlafzäit an dem Maartpräis besteet e kausalen Zesummenhank. Ouni Afloss vun aneren Ëmstänn, a wat den Dag vum Remboursement méi no kënnt, tendéiert de Wäert vun der Obligatioun a Richtung vum Remboursementpräis: ass de Präis virun dem Remboursementdatum méi héich, geet e lues a lues erof, ass hie méi déif, geet en erop.
D'Längt vun der Reschtlafzäit huet och bei enger Ännerung vum Maartzënsniveau e groussen Afloss op de Wäert. Wat d'Zäit méi laang ass an d'Dimensioun vun der Zënsvariatioun méi bedeitend ass, wat den Obligatiounswäert méi staark ännert. Geet den Zënsniveau erof, geet de Wäert erop, an ëmgedréint, geet en erop, geet de Wäert erof.
Remboursement
[änneren | Quelltext änneren]Bei en etlechen Obligatioune gëtt den Emissiounsbetrag net komplett um Enn vun der Lafzäit zeréckbezuelt. Jee nodeem wéi et am Emissiounsprospekt beschriwwen ass, gëtt de Betrag no verschiddene Modalitéiten an e puermol rembourséiert, beispillsweis duerch:
- Verlousungen (fr: tirages):
- Dobäi gëtt een Deel vum Emissiounsbetrag ënner de Besëtzer ausgeloust. Déi Pabéiere ginn dann op engem bestëmmten Datum virzäiteg zeréckbezuelt.
- Deelremboursement:
- D'Kapital gëtt an Tranchen zeréckbezuelt wéi zum Beispill: 20% nom éischten an 20% nom zweete Joer asw.
E virzäitege Remboursement vum ganze Kapital kann no de Konditioune vum Prospekt op gewëssenen Datumer gemaach ginn. Den Emetteur muss dat awer virdru bannen enger fixéierter Period bekannt maachen. D'Warscheinlechkeet, datt hien dat mécht, ass grouss am Fall wou d'Zënsen um Kapitalmaart méi niddereg sinn, wéi d'Zënsen, déi hien dem Besëtzer vun den Obligatioune bezuele muss. E kann och bei Ännerunge vun der Fiskalitéit am Land, déi fir d'Emissioun ausschlaggebend ass, virzäiteg rembourséieren.
Verschidden Emissiounen erlaben et dem Besëtzer och e Remboursement zu engem gewësse Präis virun der Echeance unzefroen. Dat muss an de Friste geschéien, déi am Prospekt festgeluecht goufen.
Verlängerbar Obligatioune ginn dem eenzele Besëtzer d'Méiglechkeet, virum Datum vum normale Remboursement, eng Verlängerung vun der Lafzäit vu senge Pabeieren ze froen.
De geneeë Remboursementspräis ass och am Emissiounsprospekt festgeluecht. Sou ass normalerweis de Präis vum Remboursement, 100 % vum agesate Kapital. Bei engem fréizäitege Remboursement ass en an der Reegel eppes iwwer 100 %.
Qualitéit oder Kreditwierdegkeet vum Debiteur
[änneren | Quelltext änneren]Ënner Kreditwierdegkeet oder Solvabilitéit versteet en d'Fäegkeet vum Debiteur fir dat geléinte Kapital an d'Zënsen op den am Emissiounsprospekt fixéierten Datumen ze bezuelen. Fir déi ze préiwen, maache spezialiséiert Finanzinstituter, « Credit Rating » Agencen, Analyse vu sengem Bilan an anere Facteuren, wéi d'Qualitéit vum Management, vun den Ofsazmäert, vu senger Maartpositioun, der Qualitéit, der Entwécklung, der Diversitéit vu senge Produkter an der Innovatiounsfäegkeet vun der Entreprise. Déi bekanntst Agencë sinn « Standard & Poor », « Moody's » a « Fitch » an den USA. D'Resultat vun dësen Analyse gi mat engem Rating notéiert. De Ratingklassement geet an der Reegel vun „AAA“ (déi bescht Qualitéit) bis „D“ (insolvabel).
Dat Klassement bestëmmt d'Héicht vun den Zënse wann den Debiteur en Emprunt erausgëtt. Wat seng Qualitéit manner ass, wat hie méi héich Zënse bezuele muss fir de Risiko vum Investisseur z'entschiedegen. Déi betreffend Obligatioune ginn am Fachjargon „ High Yield“ oder „Junk Bonds“ genannt.
Quellesteier op den Zënsen
[änneren | Quelltext änneren]Déi, um Datum vum Coupon, ufalend Zënsen, souwéi d'lafend Zënse beim Verkaf vun Obligatioune sinn zu Lëtzebuerg, zanter dem 1. Januar 2006, enger Quellesteier vun 10 % ënnerworf. Se gëtt beim Bezuele vum Coupon, respektiv beim Verkaf, direkt vun de Banken ofgehalen.
Eng Ausnam gëllt fir d'Obligatiounen, déi virum 1. Mäerz 2001 erauskomm sinn. Si ënnerleien der „clause de grand-père“, a si vun der Quellesteier befreit.
Verschidden aner Zorte vun Obligatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Konvertibel Obligatioun
- Obligatioun mat engem Warrant
- Indexéiert Obligatioun
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Obligatioun – Biller, Videoen oder Audiodateien |