Observatoire Düsseldorf

Vu Wikipedia
Den Teleskop

Den Observatoire Düsseldorf (och bezeechent als Observatoire Bilk oder Observatoire Charlottenruhe) war eng historesch astronomesch Fuerschungsariichtung. Si stoung an der Géigend vun der Kierch Alt St. Martin am Düsseldorfer Staddeel Bilk. Den Observatoire stoung vun 1843 bis 1943.

Am Joer 1843 hat de Johann Friedrich Benzenberg, Professer fir Physik an Astronomie um Düsseldorfer Licee, e privaten Observatoire, deen hie "Charlottenruhe" genannt huet, baue gelooss. De Benzenberg huet do och selwer Himmelsobservatioune gemaach. D'Haaptinstrument war e Refrakter mat 1,8 m Brennwäit, dee fir d'Vermoosse vu Stärepositioune mat engem Kreesmikrometer ekipéiert war.

No sengem Doud am Joer 1846 goung den Observatoire an de Besëtz vun der Stad Düsseldorf iwwer. De Leeder vum Observatoire war zanter 1847 de Franz Friedrich Ernst Brünnow.

1851 goung de Brünnow op Berlin an den Observatoire Berlin an de Karl Theodor Robert Luther huet d'Leedung vum Observatoire zu Düsseldorf iwwerholl. De Luther huet besonnesch Positiounsbestëmmunge vu Planéiten an Asteroiden duerchgefouert. D'Daten huet hien dann aneren Observatoiren zur Dispositioun gestallt. De 17. Abrëll 1852 huet hien den Asteroid Thetis entdeckt. An de follgenden dräi Joer huet de Luther weider Asteroiden entdeckt: Proserpina, Bellona an Leukothea. No der véierter Entdeckung huet den Düsseldorfer Gemengerot säi Loun erhéicht, dat bis dohin 200 Daler am Joer war.

Vun 1854 bis 1857 huet de Luther e Stärekatalog fir d'Berliner Kinneklech Akademie der Wissenschaften iwwerschafft.

Den 20. Februar 1890 gouf mam (288) Glauke dee leschten Asteroid zu Düsseldorf entdeckt. Am Ganze waren et 24 Stéck.

1892 krut de Jong vum Luther, de Wilhelm, dee virdrun schonn an den Observatoiren Bonn an Hamburg geschafft hat, eng Plaz als Adjoint zu Bilk.

1943 gouf den Observatoire bei engem Bommenugrëff zerstéiert. Den ausgelouste Kierper vum Teleskop steet haut als Erënnerung virum Westtuerm vun Alt St. Martin. Wann een duerch de Rouer kuckt, gesäit een de Kierchhinnchen.

Zu Éiere vum Observatoire gouf en 1967 entdeckten Asteroid "(4425) Bilk" genannt.

Duerchsiicht op de Kierchtuerm
Plack um Teleskopesockel
Opschrëft

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie