Observatoire Leiden
|
| |
| Typ | Universitéitsobservatoire |
|---|---|
| Bedreiwer | Universitéit vu Leiden |
| MPC-Code | 013 |
| Datum vum Bau | 1633 |
| Websäit | https://www.universiteitleiden.nl/en/science/astronomy, https://www.universiteitleiden.nl/wiskunde-en-natuurwetenschappen/sterrenkunde |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Holland |
| Regioun/Gemeng | Leiden |
| Koordinaten | 52°10'3,882"N, 4°27'39,017"O |
|
| |


Den Observatoire Leiden ass en Observatoire zu Leiden an Holland. E gouf 1633 vun der Universitéit Leiden gebaut an ass domat den eelsten Universitéitsobservatoire vun der Welt. An den éischte béide Joerzéngte gouf den Observatoire virun allem fir Ausbildungszwecker benotzt. 1861 gouf en neien a méi groussen Observatoire ënner der Leedung vum Frederik Kaiser gebaut, haut bekannt ënner der Bezeechnung Oude Sterrewacht.
Den Observatoire Leiden hat vill Direktere vu Weltruff, z. B. de Frederik Kaiser, Willem de Sitter, Ejnar Hertzsprung an de Jan Hendrik Oort.
Weider berüümt Astronomen am Observatoire Leiden waren den Hendrik Antoon Lorentz, Jacobus C. Kapteyn an den Hendrik Christoffel van de Hulst.
Am Joer 1974 ass den Observatoire an den Huygens-Laboratoire geplënnert, a méi spéit an d'J.-H.-Oort-Gebai. Den Numm Observatoire Leiden (nl. Sterrewacht Leiden) ass bliwwen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Observatoire Leiden – Biller, Videoen oder Audiodateien |
