Observatoire vun Ondřejov
|
Historescht Gebai vum Observatoire | |
| Typ | Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| Bedreiwer | AV ČR |
| MPC-Code | 557 |
| Datum vum Bau | 21. Januar 1898 |
| Opgaangen | 1898 |
| Websäit | https://www.asu.cas.cz/cz/verejnost-a-media/prohlidky-pro-verejnost |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Tschechesch Republik |
| Regioun/Gemeng | Ondřejov |
| Koordinaten | 49°54'33,311"N, 14°46'53,123"O |
| Héicht | 500 m |
|
| |

Den Observatoire vun Ondřejov (tschechesch Hvězdárna Ondřejov), deen 1906 a Betrib goung, gehéiert zum Astronomeschen Institut vun der Akademie vun de Wëssenschafte vun der Tschechescher Republik. D'Institut gouf ëm 1750 vu Wëssenschaftler vum Jesuittenuerde fir d'Prager Universitéit gegrënnt. Den Observatoire steet an der Uertschaft Ondřejov, 35 km südlech vu Prag.
1898 hat den Industriellen an Amateurastronom Jan Josef Frič e Grondstéck um Bierg Manda zu Ondřejov kaf, op deem hie mam Bau vun engem Observatoire ugefaangen hat. Aacht Joer hat et gedauert, bis den Terrain planéiert war, déi noutwendeg Gebaier gebaut an all d'Instrumenter installéiert waren. D'Baupläng hat den Architekt Josef Fanta geliwwert. Déi éischt wëssenschaftlech Observatioune goufen an der Nuecht vum 31. Juli op den 1. August 1906 vum Frič gemaach. 1928 huet de Jan Josef Frič den Observatoire der Karls-Universitéit zu Prag geschenkt.
E gouf awer vum staatlechen Observatoire dirigéiert, a wéi 1953/54 d'tschechesch Akademie vun de Wëssenschaften hiren astronomeschen Institut gegrënnt hat, goufe mat engem Dekreet den 1. Januar 1954 déi béid Observatoiren zesummegeluecht. Den éischten Direkter gouf de Bohumil Šternberk, dee virum Krich um Observatoire Berlin geschafft hat.
Den Observatoire vun Ondřejov gouf ënner senger Leedung e puermol vergréissert. Zanter 1967 ass hiert Haaptinstrument e Cassegrain-Teleskop mat 2 Meter Ëffnung. Et gouf vum deemolege VEB Carl Zeiss Jena entwéckelt a gebaut. Wéinst den dräifachen Observatiounsméiglechkeeten am Primär-, Cassegrain- a Coudé-Fokus, gouf en als 2-m-PCC-Teleskop bezeechent. Ufanks vun den 1980er Jore gouf e Gebai vum kosmesche Laboratoire a Betrib geholl.
Haut huet den Observatoire en ettlech Departementer, dorënner fir Sonnen- a Stärefuerschung, interplanetar Matière, Galaxien a Planéitesystemer, Dynamik vun de Satellittebeweegungen, gradewéi en Zentrum fir Astrophysik.
- 10-m-Radioteleskop mat Venus a Jupiter um Himmel.
- D'Kuppel vum 65-cm-Teleskop.
- D'Kuppel vum 2-m-Teleskop.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Observatoire vun Ondřejov – Biller, Videoen oder Audiodateien |
