Octave Lapize

Vu Wikipedia
Octave Lapize
Gebuertsnumm Louis Octave Lapize
Gebuer 24. Oktober 1887
14. Arrondissement
Gestuerwen 14. Juli 1917
Toul
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Vëlossportler
Veräin/Ekipp Alcyon,
La Française

Den Octave Lapize, gebuer zu Montrouge de 24. Oktober 1887, a gestuerwen de 14. Juli 1917 zu Toul, war e franséische professionelle Vëlossportler a Pilot.

Seng bescht Performance war wéi en den Tour de France vun 1910 gewonnen huet, den éischten Tour deen duerch d'Pyrenäe gefouert huet.

Hie war am Ganze sechsmol um Tour de France dobäi, a war vun 1911 bis 1913 franséische Landesmeeschter.

Als Pilot war hien un der Front am Éischte Weltkrich am Asaz a war do de 14. Juli 1917 vun engem feindleche Fliger ofgeschoss ginn, an ass zu Noviant-aux-Prés ofgestierzt.

1994 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.