Ofdankung

D'Ofdankung, och Abdicatioun genannt, ass de fërmleche Verzicht op en ëffentlecht Amt duerch den Inhaber, besonnesch op den Trounverzicht vun engem Monarch.
An der europäescher Geschicht kënnt d'Ofdankung vun engem Monarch – am Géigesaz zu der Antiquitéit – relativ heefeg vir. An de meeschte Fäll gouf s'ënner Zwang duerch feindlech Dynastien, den Trounfollger, Biergerkricher oder (zanter dem 19. Joerhonnert) duerch Revolutioune erzwongen.
Zu Lëtzebuerg an an Holland ass d'Ofdankung vum Monarch Traditioun ginn. Den hollännesche Monarch huet mat der Ofdankung vun der Kinnigin Beatrix zanter der Ofdankung vun der Wilhelmina am Joer 1948 fir déi drëtt Kéier hannereneen zou Liefzäiten d'Kinneksamt un de Bouf oder un d'Duechter weider ginn. Och d'Groussherzogin Charlotte an de Groussherzog Jean hu scho Joerzéngte virun hirem Doud ofgedankt. Anescht wéi zu Lëtzebuerg an an Holland gouf et Ofdankunge wéinst Altersgrënn an aneren europäesche Staaten, wéi z. B. an der Belsch oder an Dänemark fir d'éischt 2013 resp. 2024.
De Monarch deen ofdankt verzicht entweeder nëmme fir sech selwer, wéi de Prajadhipok vun Thailand am Joer 1934, oder och fir seng direkt Ierffolleger mat, op den Troun.
Zäitweileg Ofdankung
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ofdankungen – Biller, Videoen oder Audiodateien |