Ofschlossdäich
![]() | |
Plaz |
Wieringen Súdwest-Fryslân |
---|---|
Koordinaten | 53°0'N, 5°10'O |
Datum vum Bau | 1927 - 1932 |
A Betrib geholl | 1933 |
Typ | Gewichtsdamm |
Héicht (iwwer Thalweg) | 7,25 |
Längt | 32 000 m |
Breet op der Kroun | 90 m |
Breet op der Basis | 190 m |
Baseng | |
Héicht | -0,3 |
Fläch | 110 000 ha |
Den Ofschlossdäich (Hollännesch: Afsluitdijk) ass e groussen, 32 Kilometer laangen Däich an Holland deen tëscht 1927 an 1933 gebaut gouf. E verbënnt Wieringen an der Provënz Nordholland mat Súdwest-Fryslân an der Provënz Friesland. Et ass dat gréisst Bauwierk vun den Aarbechten an der Zuiderzee, déi ënner dem Waasserbauingenieur Cornelis Lely deen déizäit och Transport- a Waasserbauminister war, realiséiert goufen.
Mam Bau vum Däich gouf d'Zuiderzee, e fréiere Golf am Nordmier, vun dësem ofgetrennt, an huet sech an e Séisswaasserséi verwandelt, deen ewell IJsselmeer heescht.
Verkéier[änneren | Quelltext änneren]
Iwwer den Däich geet eng Strooss, déi an den 1970er Joeren zu der Autobunn Rijksweg 7 ausgebaut gouf (andeems d'Plaz ageholl gouf, déi fir eng Eisebunnslinn reservéiert war, déi awer net gebaut gouf). D'Autobunn geet iwwer zwou Dréibrécken, déi de Verkéier ënnerbriechen, wa Schëffer duerch Schleise vum IJselmeer an d'Nordmier (oder ëmgedréint) fueren.