Op den Inhalt sprangen

Oh My Darling, Clementine

Vu Wikipedia
Oh My Darling, Clementine
Genre Folkmusek
Ursprongsland Vereenegt Staate vun Amerika
Sprooch Englesch
Interpret Westlife
Verëffentlecht 19. Joerhonnert
Kuerz Piano-Opféierung vun der Musek.
Musekspartitur aus dem Joer 1885 vu Clementine vum Barker Bradford (pdf).

Oh My Darling, Clementine (oder just Clementine) ass eng amerikanesch Volleksmusek-Ballad, déi 1884 geschriwwe gouf a meeschtens dem Percy Montrose, awer och heiansdo dem Barker Bradford zougeschriwwe gëtt[1][2]. Et soll vun engem méi ale Lidd vun 1863 inspiréiert sinn, Down by the River Liv'd a Maiden, vum Henry S. Thompson[3].

Ëm wat geet et am Lidd?

[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt verschidde Variatioune vum Text, mä et geet ëmmer ëm d'Duechter (Clementine) vun engem Goldsicher („Miner Forty-Niner“) an där hirem Libhaber (de Lidderschreiwer a Sänger). De Mineur war mat senger Duechter an eng Schlucht geplënnert a si hat d'Gewunnecht, all Mueren en Trapp kleng Inten op ee Séi nobäi ze bréngen. Mä enges Daags ass si an d'Waasser gefall an erdronk…

Rezeptioun an Adaptatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Film My Darling Clementine huet d'Lidd als Titel.

Zu Lëtzebuerg ass d'Lidd virun allem a senger Adaptatioun Un der Atert bekannt, mat engem Text vum Jean-Pierre Welter.

 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Un der Atert.

 Commons: Oh My Darling, Clementine – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (en) A Bing Crosby Discography - part 1b - Commercial Recordings - The Decca Years. www.bingmagazine.co.uk. Gekuckt den 11.01.2026.
  2. ↑ (en) College Songs/Oh My Darling Clementine - Wikisource, the free online library. en.wikisource.org. Gekuckt den 11.01.2026.
  3. ↑ (en) Erastus F. BEADLE, Beadle's Dime Song Book, etc. no. 10-18. Beadle & Company (1863). Gekuckt den 11.01.2026.