Oktalsystem
| Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Dezimalzuelen 0 bis 24 am Oktalsystem | |
| 0 - Null: | 0 |
| 1 - Eent: | 1 |
| 2 - Zwee: | 2 |
| 3 - Dräi: | 3 |
| 4 - Véier: | 4 |
| 5 - Fënnef: | 5 |
| 6 - Sechs: | 6 |
| 7 - Siwen: | 7 |
| 8 - Aacht: | 10 |
| 9 - Néng: | 11 |
| 10 - Zéng: | 12 |
| 11 - Eelef: | 13 |
| 12 - Zwielef: | 14 |
| 13 - Dräizéng: | 15 |
| 14 -Véierzéng: | 16 |
| 15 - Fofzéng: | 17 |
| 16 - Siechzéng: | 20 |
| 17 - Siwwenzéng: | 21 |
| 18 - Uechtzéng: | 22 |
| 19 - Nonzéng: | 23 |
| 20 - Zwanzeg: | 24 |
| 21 - Eenanzwanzeg: | 25 |
| 22 - Zweeanzwanzeg: | 26 |
| 23 - Dräianzwanzeg: | 27 |
| 24 - Véieranzwanzeg: | 30 |
Den Oktalsystem (vum laténgeschen octo "aacht"), och alt Aachtersystem genannt, ass e Stellewäertsystem mat der Basis 8. E besteet aus aacht verschidden Ziffere fir Zuelen duerzestellen: 0, 1, 2, 3, 4, 5, 6 a 7.
D'Originne vum System gi bis an d'17. Joerhonnert a Schweden zeréck; als méiglech Auteure kommen de Kinnek Karl XII., de Wëssenschaftler Emanuel Swedenborg oder den Erfinder Christopher Polhem a Fro.
Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]Computertechnik
[änneren | Quelltext änneren]Oktalzuele goufen an der Computertechnik gebraucht, wéi nach informatesch Wierder mat enger Längt vu 24 Bit Usus waren. Fir déi aktuell gebräichlech Wierder vu 16, 32 a 64 Bit ass den Hexadezimalsystem besser.
A verschiddene Programméiersproochen (zum Beispill C, Java, Phython 2.x) gëtt eng Oktalzuel mat enger Null als Prefix duergestallt.
An de UNIX-aartege Betribssystemer ginn d'Rechter, fir op e Fichier zouzegräifen, oktal ofgespäichert. Op e Fichier mat de Rechter 0777 kann all User zougräifen.
Loftfaart
[änneren | Quelltext änneren]Am Fonctionnement vun den Transpondere gëtt den Oktalsystem gebraucht: de Code (Squawk) dee vum Transponder zeréckgeschéckt gëtt, ass eng véierstelleg Oktalzuel (0000 bis 7777).
Triviales
[änneren | Quelltext änneren]- Am Film Avatar (2009 film) gebrauchen déi ausserierdesch Na'vi den Oktalsystem, well s'op all Hand véier Fangeren hunn.
- An der Tëleesserie Stargate SG-1 gëtt den Oktalsystem och gebraucht.