Old Shatterhand (Film)
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Italien, Frankräich, Däitschland |
Première | 1964 |
Faarf | Faarweg |
Eastmancolor | |
Format | 2,35:1 |
Originalsprooch | Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Hugo Fregonese |
Dréibuch |
Ladislas Fodor R. A. Stemmle |
Fotografie | Siegfried Hold |
Musek | Riz Ortolani |
Schnëtt | Alfred Srp |
Produzent | Artur Brauner |
Produktiouns- gesellschaft |
Central Cinema Company (CCC) Serea Film Critérion Film |
Schauspiller | |
Lex Barker als Old Shatterhand Pierre Brice als Winnetou Daliah Lavi als Paloma Guy Madison als Bradley Ralf Wolter als Sam Hawkens Gustavo Rojo als Bush Rik Battaglia als Dixon Kitty Mattern als Rosemary Charles Fawcett als Generol Taylor Mirko Ellis als Joe Burker Bill Ramsey als Timpe Nikola Popović als Sheriff Brandon Alain Tissier als Tujunga | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Old Shatterhand ass en däitsch-franséisch-italieenesche Western vum Hugo Fregonese aus dem Joer 1964. , En inspiréiert sech un de Karl-May-Romaner, an d'Haaptrolle gi vum Lex Barker a vum Pierre Brice gespillt.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Nom Iwwerfall op eng Ranch ginn och zwéin doudwg Apache fonnt, wat drop hindeit, datt dës d'Friddensofkommes gebrach hätten. Den Old Shatterhand, dem Apachenhäupling Winnetou säi Bluttsbrudder, fënnt eraus, dass Banditten, déi op Land aus sinn, hannert de Muerde stiechen, a versicht hunn, en neie Krich tëscht den Siidler an den Apachen ze provozéieren. D'Spur féiert bis an d'Fort vun der Kavlerie...
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Nom Succès vum Harald Reinl senger Verfilmung vum Schatz im Silbersee, déi vum Horst Wendlandt produzéiert gouf, wollt deem säi Konkurrent Artur Brauner och vun der Popularitéit vun de Karl-May-Romaner profitéieren. Well de Wendlandt d'Rechter op de Romaner hat, huet de Brauner eng nei Geschicht ronderëm d'Personnagen Old Shatterhnd a Winnetou schreiwe gelooss. Si goufe wéi de Schatz vum Lex Barker a vum Pierre Brice gespillt, an d'Baussenopname goufen och a Jugoslawien gedréint.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]]