Oldtimer

Vu Wikipedia
Buick 8-90 Limited vun 1938, deen der groussherzoglecher Famill vu Lëtzebuerg gehéiert huet.
Eng Whizzer, zu Lëtzebuerg zesummegebaut, ca 1950
Renault Trakter (1926)

Mam Begrëff Oldtimer bezeechent een zu Lëtzebuerg, awer och an anere Länner, en Auto, dee méi al wéi 30 Joer ass an deem säin Typ net méi produzéiert gëtt. Et kann ee mat deem Wuert awer och e Camion, e Bus, e Motorrad oder en Trakter bezeechnen.

Eeler Autoen, déi awer nach net al genuch si, fir zu den Oldtimere gerechent ze ginn, gi mam Begrëff Youngtimer bezeechent. De Begrëff Oldtimer kann een och fir aner Verkéiersmëttel wéi zum Beispill Vëloen, Schëffer oder Zich benotzen oder souguer fir al Maschinne wéi z. B. Méidrescher. Am Ausland gëllt deelweis en aneren Alter, fir datt en Auto offiziell als Oldtimer bezeechent ka ginn.

D'Begrëffer Oldtimer a Youngtimer si Schäinanglizismen, déi an der englescher Sprooch keng oder eng aner Bedeitung hunn. Am Englesche gëtt amplaz vun Oldtimer de Begrëff Classic car, Veteran car oder Historical vehicle benotzt.

Oldtimer gëtt deelweis och synonym mam Begrëff Veteran gebraucht. Veteran ass awer och eng Bezeechnung fir Oldtimer aus der Ufankszäit vum Automobilbau bis zum Éischte Weltkrich. Am Franséische gëtt amplaz vun Oldtimer de Begrëff Véhicule historique oder Voiture de collection benotzt.

Oldtimer sinn normalerweis Gefierer, déi wéinst hirer Raritéit e gewësse Sammlerwäert hunn an nëmmen nach geleeëntlech benotzt ginn. Den Zoustand kann allerdéngs staark variéieren, jee nodeem ob se restauréiert sinn oder net.

D'Sammler vun Oldtimer hunn dacks eng Tendenz, sech a Veräiner ze regruppéieren, entweeder a Marke-Veräiner oder méi allgemeng Oldtimer-Veräiner. Veräiner, déi sech mam Sammelen an Erhale vun Oldtimer beschäftegen, sinn zu Lëtzebuerg gréisstendeels an der Lëtzebuerger Oldtimer-Federatioun (LOF) regruppéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Oldtimer – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Oldtimer zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Oldtimer Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen