One (Lidd)

Vu Wikipedia

One ass e Lidd vun der amerikanescher Heavy-Metal-Band Metallica aus dem Joer 1988. Et gouf am Januar 1989 als drëtt a lescht Single vun hirem véierten Album ...And Justice for All verëffentlecht. Et war och der Grupp hir éischt Top-40-Single, well si et an den USA bis op d'Plaz 35 vun de Billboard-Hot-100-Charts gepackt huet.

Konzept[änneren | Quelltext änneren]

D'Lidd gouf am November 1987 vun de Bandmemberen James Hetfield a Lars Ulrich geschriwwen. Den Text vum Lidd baséiert um Anti-Krichs-Roman Johnny Got His Gun (1939) vum Dalton Trumbo. Et geet ëm e jonken Zaldot deen am Krich vun enger Minn schwéier blesséiert gëtt a seng Äerm, seng Been, seng Oueren, seng Nues, seng Aen a seng Stëmm verléiert. Nëmmen nach säi Gehier ass funktiounsfäeg a sou ass hien a sengem eegene Kierper gefaangen.

Wat de musikaleschen Deel ugeet, sinn déi éischt 17 Sekonnen eng Rei Krichsgeräischer, éier et ufänkt wéi eng lues Ballad an engem Gittarsolo. D'Gittaren am Intro sinn parallel liicht verstëmmt. De Refrain ass all Kéier e bësse méi haart, mä da kënnt erëm eng méi lues Stroph. D'Bridge gëtt alt erëm méi haart, an da kënnt e ganz séieren, markanten Deel. Dorop séngt den Hetfield nach zwéi Versen an da kënnt erëm e Gittarsolo. Do gebraucht de Kirk Hammett, wéi zwar och bei villen anere Lidder, d'Tapping-Technik. Dee Solo gëtt als ee vun de beschten a bekanntste Gittarsoloe vun allen Zäite gezielt.[1]

D'Lidd an der Liveversioun[änneren | Quelltext änneren]

Zanter der Verëffentlechung ass et eent vun de Lidder dat op all Metallica-Concert gespillt gëtt. Et gëtt ëmmer méi zum Unfank vun engem Concert gespillt, meeschtens als eent vun den éischte 7 Lidder. Virum Lidd ginn d'Luuchten all aus an et héiert een déi Krichsgeräischer, déi een och an der Albumversioun am Intro héiert. Dëst gëtt mat enger kuerzer Pyro-Show verbonnen. Wéi bei quasi all Lidd hu Metallica och bei One hir Gittaren ëm en hallwen Toun erofgestëmmt.

Charts[änneren | Quelltext änneren]

Land Positioun[2]
Australien 38
Belsch (Flandern) 23
Däitschland 31
Holland 3
Norwegen 4
Neiséiland 13
CHECHE Schwäiz 22
Schweden 3
 USA 35

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 100 Greatest Guitar Solos op about.com
  2. Positounen op swisscharts.com