One Punch Man

Vu Wikipedia
De Logo vum Manga One Punch Man

One Punch Man (op Japanesch: ワ ン パ ン マ ン/Wanpanman) ass e japanesche Webcomic, deen Ufank 2009 vum Zeechner ONE[1] kreéiert gouf. D'Serie ass séier een Internetsuccès ginn, mat iwwer 7,9 Milliounen Opriff am Juni 2012.

One Punch Man erzielt d'Geschicht vum Saitama, en iwwerméisseg staarken Superheld, deen immens gelangweilt ass duerch d'Feelen vun enger richteger Erausfuerderung a senge Kämpf géint dat Béist. Hee probéiert dowéinst e gudde Géigner ze fannen, deen et mat him ophuelen kann an him e würdege Kampf liwwert.

Et gouf och eng digital Néioplaag vum Manga, illustréiert vum Mangaka Yusuke Murata, déi 2012 op der Websäit vum Young Jump Web Comics Shueisha publizéiert ginn ass. Den Animestudio Madhouse aus Japan war dunn och responsabel fir d'Anime-Adaptatioun vum Manga, déi tëschen Oktober an Dezember 2015 ausgestraalt ginn ass.[2] Di englesch Synchronisatioun ass dunn dat Joer drop am Summer 2016 gemaach ginn, a spéider gouf am nämmlechte Joer eng zweet Staffel vum Anime ugekënnegt, déi fir den Abrëll 2019 virgesinn ass.[3]

Handlung[änneren | Quelltext änneren]

Aus ongekläerte Grënn kënnt et op engem äerdänlechen Planéit zum Opkomme vu staarke Monsteren a Gangsteren déi Katastrophen an Desastere verursaachen. Fir déi ze bekämpfen, huet d'Weltregierung eng Heldenassociatioun kreéiert, déi Superhelden engagéiert fir déi gewalttäteg Kreaturen ze stoppen. All d'Superhelde vun der Associatioun gi vun der C-Klass bis zur S-Klass klasséiert. Just déi bescht Superhelde packen et an d'S-Klass.

De Saitama dogéint ass en onklasséierten Held, deen am City-Z Deel vu Metropolis wunnt, an heroesch Aktioune fir seng eegen Ënnerhalung mécht. Hien huet sech selwer trainéiert an ass därmoosse staark ginn, datt hie géint all méiglech Géigner mat engem eenzege Schlag gewanne kann, ouni datt hie sech ustrenge muss. Well de Saitama awer virun allem e Superheld wéinst dem Spaass un der Erfarung ginn ass,[4] gëtt en ëmmer méi gelangweilt vu senger eegener Superkraaft, an och souguer frustréiert well et einfach u staarke Géigner feelt. Am Laf vun der Geschicht begéint de Saitama ënnerschiddleche Superhelden, Gangsteren a Monstere mat deenen hien ze dinn huet. Hie fënnt och ganz séier e Schüler, de Cyborg Genos, well deen dem Saitama seng Kraaft erkennt a bei him léiere well. Hie wëll sech nämlech un engem anere Cyborg rächen, dee seng ganz Famill ëmbruecht an säin Heemechtsduerf zerstéiert huet. Sou ginn déi zwéi Member an der Heldenassociatioun, fir offiziell als Superheld unerkannt ze ginn. Dem Genos säin Talent gëtt séier erkannt an hie gëtt direkt an déi bescht Klass, d'S-Klass, gesat, wärend de Saitama de schrëftlechen Test just knapps packt an dofir an d'Kategorie C kennt, an do ee vun den ënneschte Superhelden ass. De Saitama mécht vill Heldendoten déi net unerkannt oder iwwerhaapt vun der Allgemengheet appreciéiert ginn , wat ufanks ganz frustrant fir hien ass. Hie gëtt awer schlussendlech en Held vun der B-Klass nodeems en de mächtegen Deep Sea King aus dem Wee geraumt huet.

Iergendwann dauchen och Monsteren an der City-Z op, dem Saitama senger Stad, well se d'Helden Associatioun sichen. Kuerz dono seet de groussen Hellseeër Shibawa viraus, datt di ganz Welt a Gefor ass a zerstéiert kéint ginn. Wéinst dëse Viraussoe rifft d'Helden Associatioun all Helde vun der S-Klass op, fir datt Si zesumme Welt virun dëser Gefor beschützen. Direkt no hirem Rendez-vous start de mächtegen Alien Chef vun de „Dark Matter Thieves“, de Boros, eng Invasioun an zerstéiert d'City-A. De Saitama huet doropshin en Duell mat dësem a gewënnt duerch Asetze vu sengem beschte Fauschtschlag. Wärend der Invasioun vun den Aliens warnt den S-Klass Held Drive Knight de Genos datt deen anere S-Klass Held mam Numm „Metal Knight“ a Wierklechkeet säi Géigner ass an datt hien op en oppasse misst. Trotzdeem baut d'Helden Associatioun zesumme mam Metal Knight eng nei Basis an der zerstéierter City-A op, vun där d'Associatioun méi einfach hir Helden op Missioune soll schécke kënnen.

De Saitama fänkt dee Moment och un aner Superhelde kennenzeléieren. Hie gëtt séier befrënnt mam Bang, engem ale Kampfkonscht Meeschter, a mam stäerkste Superheld deen et jee gouf, dem King. Deen ass awer a Wierklechkeet en relativ feige Held, dee seng Positioun an der S-Klass krut andeems hie behaapt huet, hie wier responsabel fir dem Saitama seng rezent Heldendoten. Deen Moment wou de Stitch, den Direkter vun der Helden Associatioun, probéiert Gangsteren als Superhelden ze rekrutéieren, daucht och en ale Schüler vum Bang op, nämlech de Garo, a fänkt un sou vill wie méiglech aner Superhelden ze moulen, a provozéiert d'Helden Associatioun fir hien ze stoppen.

De Saitama mëscht dann och verkleet bei engem Tournoi mat, fir méi iwwert Kampfkonscht ze léieren. Wärend dem Tournoi mëscht dunn awer Monster Associatioun eng grouss Attack op eng Rei Stied wou si fir vill Schued a Panik suergen. Doriwwer hinnaus huet d'Helden Associatioun immens Schwieregkeete fir Attacken ze stoppen an ze konteren. Dem Saitama säi Schüler, de S-Klass Held Genos, schützt wärenddeem den Tournoi, fir datt de Saitama an aller rou untriede kann. Obwuel hien och bei wäitem dem Beschten ass, verléiert hien automatesch den Tournoi a gëtt disqualifizéiert well erausfonnt gëtt, datt en eng Paréck un huet an een anere Kampfkënschtler nogemaach huet. De Saitama flücht da vum Tournoi well en a kengem Fall vun der Police verhaft well ginn. Wärend der Zeremonie vun de Präisser gräift de Gouketsu, en staarkt Monster, den Tournoi un a gewënnt géint de Genos, deen den Tournoi beschütze sollt. De Gouketsu huet speziell Monsterzellen, fir Mënschen a Monster ze verwandelen. Hee forcéiert d'Leit am Stadion, sech déi Zellen anzesetzen, am Virwand datt hie Si soss géif ermorde wa si dat net géife maachen. Verschiddener vun deene verwandelen sech dann och a Monsteren, ënner anerem de Kampfkënschtler Bakuzan, woumat vill Mënschen a Gefor gerode sinn. De Saitama kennt dunn awer zeréck bei d'Stadion well en d'Explosiounen an den Hëllefsruff vum Gewënner vum Tournoi héieren huet. Fir d'Leit op der Plaz ze retten an ze schützen, kämpft a gewënnt de Saitama géint Monstere , virun deem si onschëlleg Mënschen ëmbrénge konnten.

An dëser Zäit gëtt de Garo ëmmer méi staark, well en onbedéngt dat stäerkste Monster am Universum well ginn. Hee gräift deementspriechend ëmmer méi S-Klass Helden un, wéi zum Beispill den Tank-Top Master oder och de Metal Bat. Duerch déi Attacke gëtt hien am Geforenlevel „Draach“ agestuuft, wat déi zweethéchst Stuf ass. D'Helden Associatioun bréngt et awer och net fäerdeg hien ze fänken, och nodeems si eng ganz Ekipp vun A-Klass Helde schécken, déi hie stoppe sollen. De Bang packt et dofir awer bal de Garo ëmzebréngen, mee d'Monster Associatioun rett hien am allerleschte Moment, fir datt se hien awer rekrutéiere kënnen.

D'Monstere gräifen weiderhin d'Populatioun un a sammelen sech an der City-Z, wou se ugefouert gi vun engem mächtege psychesche Monster, de Gyoro Gyoro, a vum Kinnek vun all de Monsteren, den Orochi. Trotz all deem well de Garo der Monster Associatioun nach ëmmer net bäitrieden a gräift d'Helden op eege Fauscht weiderhin un. Zu dësem Zäitpunkt fänkt d'Helden Associatioun eng riseg Offensiv géint Monster Associatioun un, nodeems déi d'Kand vun engem héichrangege Sponsor vun der Helden Associatioun entfuert hunn. Honnerte vun Helde sinn do bedeelegt, an et brécht an en Krich aus. An dem Kontext daucht eng nei Associatioun op, déi sech „The Organization“ nennt, déi aus immens staarke Roboter besteet. Déi ginn eng Allianz a mat der Monster Associatioun a schécke Roboter, déi si am Krich géint Helden ënnerstëtze sollen, wéi de Roboter G5.

Haaptpersonnagen[änneren | Quelltext änneren]

Saitama[änneren | Quelltext änneren]

Een Cosplay vum Saitama op enger Manga Foire.

De Saitama (サイタマ)  ass den Haaptprotagonist vum Manga. Hien ass en 25 Joer alen Held, gelangweilt vum Kampf well hien ëmmer mat engem eenzege Schlag gewënnt. Hien huet 3 Joer laang haart trainéiert, nodeems hien en Kand virun engem Monster gerett huet, a gemierkt huet, datt dat him Spaass mëscht. Säin Training huet doraus bestanen datt hien all Dag 100 Pompelen, 100 Sit-ups, 10 Km Jogging gemaach huet an sech gesond ernäert. Hie benotzt och keng Klimaanlag am Summer a keng Heizung am Wanter fir sech mental ofzehäerden. Well säin Training därmoossen usprochsvoll war, huet hien dunn seng Hoer verluer, de Grond wéisou hien eng Glatz huet.[5] Di gréisst Gefore besti fir hien net aus Géigner, mee aus Alldagsproblemer, wei zum Beispill Knappheet un Suen.

Genos[änneren | Quelltext änneren]

De Genos (ジェノス Jenosu) ass en 19 Joer alen Cyborg, deen dem Saitama säin Schüler gëtt, nodeems deen ganz einfach géint d'Mosquito Girl gewonnen huet. Dem Genos säin Duerf gouf 4 Joer virun der Handlung vun engem béise Cyborg ugegraff, wou dem Genos seng ganz Famill ëmkomm ass an säin Duerf zerstéiert gouf. Hien huet knapps iwwerlieft, well den Dr. Kuseno hie rett an vill Deeler vun sengem Kierper duerch Cyborg Elementer ersetzt. Hien ass sou selwer en Cyborg ginn, mat der Missioun, säin Duerf a seng Famill ze rächen. De Saitama ass ufanks net ganz begeeschtert datt den Genos säin Schüler wëll sinn, en winnt sech awer séier un säin neien Partner.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

D'Publikatioun vun One Punch Man huet 2009 ugefaange wéi den ONE ee Comic wollt kreéieren, an deem de Superheld schonn de stäerkste vun der Welt ass[6]. Hie wollt dofir de Fokus op Problemer aus dem Alldag vum Superheld leeën an eng méi humorvoll Approche zum Superheldenthema huelen. Hien huet also e Superheld geschaf, dem säi gréisste Problem et z. B. ass, keng Sue méi fir d'Iessen ze hunn. Hien huet de Manga op der Internetsäit Nitosha publizéiert, eng Säit déi bekannt ass fir d'Verëffentleche vun Online-Mangaen.

D'Serie war en imminente Succès, an den Auteur ONE huet, well de Manga de Leit sou gutt gefall huet, direkt an Zäit vun e puer Woche lauter Klicken a Kommentare kritt[7]. Den ONE huet dunn awer am Februar 2010 eng Paus vun engem Joer ageluecht an eréischt erëm 2011 weider u sengem Manga gezeechent. Hie gouf du vum Yusuke Murata kontaktéiert well deen intresséiert war fir u sengem Projet matzeschaffen, an de Murata géif de Manga nach eng Kéier fir hie frësch zeechnen. De Murata war nämlech e grousse Fan vu One Punch Man a säin Dram war et fir zesumme mam Auteur ONE um Manga ze schaffen. De Murata war zu där Zäit schonn en erfollegräiche Mangaschreiwer, a konnt duerch seng Kontakter en Accord mat Weekly Young Jump Comics fanne fir de Manga ze publizéieren[8].

Anime[änneren | Quelltext änneren]

Schlussendlech koum et och zu enger Anime Adaptatioun am Joer 2015, déi vum bekannte japanesche Studio Madhouse produzéiert gouf. De Shingo Natsume an den Tomohiro Suzuki hunn an dem Kader Regie iwwerholl a sinn verantwortlech fir Produktioun gewiescht.

Den Anime gouf dunn och 2015 a Japan ausgestraalt, an ass och deementspriechend an enger Rei aner Sprooche wei Englesch oder Däitsch synchroniséiert ginn.

Den Anime zielt bis elo eréischt 12 Follge vu jeeweils 20 Minutte pro Episode, an ass nach an der éischter Staffel. 2016 ass dunn déi zweet Staffel vum Anime ugekënnegt ginn, déi am Abrëll 2019 ausgestraalt sollt ginn.[3] Et ass awer nach net bekannt wéi vill Follgen déi zweet Staffel wäert hunn. Et gouf awer ugekënnegt datt d'Produktion an d'Regie géife gewiesselt ginn, de Studio J.C Staff soll nämlech fir déi néi Staffel verantwortlech sinn.

Beléiftheet[änneren | Quelltext änneren]

De Manga One Punch Man gouf am November 2013 2.2 milliounemol gedréckt, am Abrëll 2014 3.2 milliounemol, an am November 2014 souguer 4.5 milliounemol. Déi Zuel ass ëmmer weider eropgaangen, sou datt am November 2016 schonn 11.1 Millioune Kopië gedréckt goufen, nodeems den Manga e riese Sprong gemaach huet.[9],[10],[11],[12] Am Joer 2018 stoung de Manga bei 15 Millioune Kopien.[13] Serie gouf 2014 och fir Manga Taisho Awards nominéiert.[14]

Och international koum de Manga gutt un, sou datt den éischten an den zweeten Deel vum Manga bei der Verëffentlechung an den USA direkt op der éischter an zweeter Plaz an der Manga Bestseller-List vun der Zeitung New York Times, waren.[15] D'Serie gouf och fir den Eisner-Präis 2015 nominéiert.[16]

Den Anime huet och grousse Succès, ass awer fir keen Präis nominéiert ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.oppaihoodie.com/two-creators-original-manga-one-punch-man/
  2. https://en.wikipedia.org/wiki/One-Punch_Man
  3. 3,0 3,1 https://screenrant.com/one-punch-man-season-2-trailer-release-date/
  4. https://www.imdb.com/title/tt4508902/
  5. https://de.wikipedia.org/wiki/One_Punch_Man
  6. https://comicbook.com/anime/2017/11/28/one-punch-man-how-saitama-was-made/
  7. https://www.looper.com/66671/untold-truth-tick/
  8. https://comicbook.com/anime/2018/12/29/most-anticipated-anime-winter-2019/
  9. https://www.animenewsnetwork.com/news/2013-11-22/one-punch-man-has-2-million-copies-in-print
  10. https://www.animenewsnetwork.com/news/2014-04-20/one-punch-man-has-3.2-million-copies-in-print
  11. https://www.animenewsnetwork.com/news/2014-11-23/one-punch-man-manga-has-4.5-million-copies-in-circulation/.81057
  12. https://www.animenewsnetwork.com/daily-briefs/2016-11-23/one-punch-man-manga-has-11.11-million-copies-in-print/.109051
  13. https://www.animenewsnetwork.com/news/2018-04-08/roundup-of-newly-revealed-print-counts-for-manga-light-novel-series/.129996
  14. https://www.animenewsnetwork.com/news/2014-01-20/10-titles-nominated-for-7th-manga-taisho-awards
  15. https://www.nytimes.com/books/best-sellers/2015/09/20/manga/
  16. https://www.animenewsnetwork.com/news/2015-04-22/all-you-need-is-kill-in-clothes-called-fat-master-keaton-one-punch-man-mizuki-showa-wolf-children-nominated-for-eisner-awards/.87407