Ootmungsapparat beim Mënsch
Mat Ootmungsapparat (Apparatus respiratorius) oder Ootmungssystem bezeechent een de ganze System vun den Organer déi fir d'Ootmung (Ootmungsorganer) verantwortlech sinn, woubäi een tëscht den Otemweeër, den Organer déi d'Loft leeden, an der Long, déi fir de Gasaustausch (Hematos) gebraucht gëtt, ënnerscheet.
Den Ootmungssystem schafft enk mam Häerzkreeslaf-System zesummen, fir dem Kierper genuch Sauerstoff (O) ze liwweren a Kuelendioxid (CO2) aus dem Blutt erauszehuelen. D'Loft stréimt duerch d'Otemweeër an d'Long, wou de Gasaustausch stattfënnt. Den Ootmungssystem erfëllt och aner wichteg Funktiounen: e filtert, befiichtt a wiermt d'Loft a spillt och eng wichteg Roll beim Erhale vum Saier-Basen-Haushalt am Blutt.
Den Ootmungsapparat gëtt an zwéin Deeler agedeelt:
Iewescht Otemweeër
[änneren | Quelltext änneren]Zu den ieweschten Otemweeër gehéieren:
- Nues (Nasus)
- Nuesniewenhielen (Sinus paranasales)
- Strass (Pharynx)
- Ieweschten Deel vum Keelkapp (Larynx)
D'Funktioun vum ieweschten Ootmungsapparat ass et fir d'Loft an d'Long eran- an erauszetransportéieren, woubäi d'Loft ënnerwee gebotzt, befiichtt a gewiermt gëtt.
Ënnescht Otemweeër
[änneren | Quelltext änneren]Zu den ënneschten Otemweeër gehéieren:
- Ënneschten Deel vum Keelkapp
- Luftröre (Trachea)
- Bronchen (Bronchus)
- Long (Pulmo)
D'Haaptaufgab vum ënneschten Ootmungsapparat ass de Gasaustausch, deen duerch Alveolen, Loftsäck déi déif an de Longen leien, geschitt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ootmungsapparat beim Mënsch – Biller, Videoen oder Audiodateien |