Op der Lay

Vu Wikipedia

Op der Lay s.à r.l. ass e lëtzebuergesche Verlag, deen haaptsächlech Bicher an elektronesch Bicher an de Beräicher Literatur, Kriminalroman, Kannerbuch, Jugendbuch, Theater a Monographie op Däitsch, Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch erausgëtt.

Donieft si bei Op der Lay och eng Rei Museksproduktiounen an eng Anthologie vu jonken Auteuren op CD erauskomm.[1]

Op der Lay zu Esch-Sauer

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1987 si scho Bicher bei Op der Lay erauskomm. 1993 hunn de Robert Gollo Steffen an d'Renée Weber d'Verlagsgesellschaft Op der Lay s.à r.l. gegrënnt[2].

2004 huet d'Renée Weber sech aus dem Verlag zeréckgezunn, fir just nach Kannerbicher ze schreiwen an z'illustréieren. D'Doris an de Jean-Marc Bintner sinn dofir als Partner an de Verlag bäikomm. 2018 ass den Eric Steffen als Geschäftspartner bäikomm[3]. 2019 huet de Robert Gollo Steffen sech aus dem Verlag Op der Lay zeréckgezunn.

D'Gesellschaft mat Sëtz zu Éilereng huet de 14. Mäerz 2013 seng 20 Joer am Nationale Literaturzentrum gefeiert.[4]

Auteuren (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell: http://www.opderlay.lu.
  2. Cf. Mémorial C 168: 8034 aus dem Joer 1993.
  3. "OP der Lay" op creativecluster.lu
  4. Cf. http://www.cnl.public.lu/agenda/2013/3/20_Joer_Op_der_Lay/index.html