Openthalt vum Louis XIV. vu Frankräich zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dat aalt Sophies-Gebai an der Kongregatiounsstroos: mam Wope vum Louis XIV. an der Erënnerungsplack. Lénks d'protestantesch Kierch.
Detail vum Wopen op deem ale Ste-Sophie-Gebai
D'Plack zur Erënnerung un den Openthalt vum Louis XIV. an dem Jean Racine.
De Portal vun der Méchelskierch mam Wope vum Louis XIV.
Detail vum Portal.
Den Dafakt vum Louis Knepper, deem säi Pätter de Sonnekinnek war. Aus: J. Dollar 1983.

Vum 21. bis de 26. Mee 1687 war de Louis XIV. vu Frankräich an der Stad Lëtzebuerg fir d'Festung Lëtzebuerg, déi no de Pläng vum Vauban an deenen dräi Joer virdrun ausgebaut gi war, z’inspizéieren.

Den historeschen Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

Am Mee-Juni 1684 hat de Louis XIV. d'Festung Lëtzebuerg, déi vun de Spuenier besat war, belageren a bombardéiere gelooss, bis de 4. Juni 1684 d'spuenesch Besatzung kapituléiert huet. An deenen dräi Joer duerno huet Frankräich, ënner der Leedung vum Vauban, d'Festung erëm opbauen an ausbaue gelooss.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Franséisch Okkupatioun (1684-1697) Nuvola apps xmag.png

Den Openthalt vum Louis XIV. zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Um Ufank vum Mee 1687 huet de Louis XIV. sech entscheet, sech seng neist Eruewerung selwer unzekucken. Laut engem Bréif vum Colbert de Croissy un den Nuntius vum Poopst wier de Sonnekinnek virwëtzeg gewiescht, wéi et mat sengem plan de Luxembourg virugéing, dat heescht wéi wäit d'Aarbechten an der Stad an un der Festung scho weidergeschratt wieren. Nodeem bekannt gi war, datt de Kinnek sollt op Lëtzebuerg kommen, huet de Jean Gerber zu Metz, wou de Louis XIV. e puer Joer virdrun eng Visite gemaach hat, nogefrot, wéi si de Sonnekinnek empfaangen haten.

Den 10. Mee huet sech de Louis XIV. vu Versailles aus op de Wee gemaach. Begleet war e vum Dauphin, dem Louis de France, der Madame de Maintenon, déi incognito gereest ass, dem Marquis de Louvois, Krichsminister, dem Jean Racine a senger Funktioun als kinneklechen Historiograf, enger Suite vu Membere vu sengem Haff, diverse legitime Kanner vun der Madame de Montespan an der de La Vallière an anere bedeitende franséische Perséinlechkeeten, dorënner de Père Lachaise.

Hien ass den 21. Mee 1687 tëscht 4 a 5 Auer Mëttes zu Lëtzebuerg ukomm, wou hie vum Marquis Louis François de Boufflers, dem spéidere Maréchal de France, a Presenz vum Vauban, am Gouverneurspalais (dem haitege Masnsfeld-Gebai, Sëtz vum Ausseministère) empfaange gouf. Do huet hien och logéiert an d'Noblesse aus der Ëmgéigend empfaangen. Deen éischten Owend gouf e grousst Fest an der Stad gefeiert.

An den Deeg duerno huet de Kinnek d'Festungsanlagen, a Begleedung vum Vauban, am Detail inspizéiert.

Fir seng Visite goufen d'Stroosse gebotzt, faarweg Lampionen an de Stroossen opgehaagen a Motiver mat de fleurs de lys op den ëffentleche Gebaier ubruecht. D'Sergante vun der Stad krute schéin nei Uniformen an op der Plëss d'Arem ass e Bur opgeriicht ginn, aus deem Wäi gelaf ass. Um Enn vum Openthalt gouf et e grousst Freedefeier. Am grousse Ganzen huet d'Stad Lëtzebuerg ëm déi 1.500 Livres fir déi Visite ausginn.

An der Chronik (1674-1717) vum Antoine Feller, Paschtouer an der Nikloskierch, steet, datt de Louis XIV. all Dag an der Mass war, an zwar an

Am Juni vum selwechte Joer huet de Mercure galant en detailléierte Bericht vun dëser Rees erausginn, ënner dem Titel Journal de voyage de S.M. à Luxembourg.

Ënnerstëtzung vu kierchlechen Institutiounen[änneren | Quelltext änneren]

Während sengem Openthalt zu Lëtzebuerg huet de Louis XIV. eng Rëtsch Institutioune finanziell ënnerstëtzt, deenen hir Gebaier während der Belagerung staark gelidden haten:

  • de Jesuitenuerde mat 12.462 Pond fir den Ausbau vun hirem Kolléisch an der Ënneschtgaass. D'Jesuiten hunn als Unerkennung e Chronogramm op d'Gebai gravéiere gelooss (de Chronogramm besteet haut net méi):
LVDoVICVs MagnVs strVXIt (de Louis de Groussen huet (dëst Gebai) gebaut).
  • d'Mansfeld-Kapell zu Clausen mat 400 Pond (Dat virdru schonn delabréiert Mansfeldschlass war während der Belagerung verbrannt);
  • Den Haaptaltor vun der Franziskanerkierch, dee spéider, nom Ofrappe vun der Kierch um Knuedler, an der Kierch am Stadgronn opgeriicht gouf, gëllt als e Geschenk vum Louis XIV.

D'Madame de Maintenon huet dem Kongregatiounsklouschter Notre-Dame (spéider Notre-Dame Ste-Sophie, haut mat Büroe vum Ausseministère), wou se logéiert huet, eng beachtlech Zomm Geld hannerlooss. D'Kongregatioun huet dofir op hirem Gebai en a Stee gehaene Wope vum Louis XIV abaue gelooss.

D'Dominikaner hunn de Wope vum franséische Kinnekshaus um Portal vun der Méchelskierch ubrénge gelooss, wéi dat 1689 nei opgebaut gouf.

Anekdoten[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Affekot Jean-Bernard Knepper, dee spéider, vu 1693 bis 1698, Buergermeeschter vun der Stad war, hat gefrot, ob de Louis XIV. wéilt Pätter vu sengem Jong ginn, deen an der Nuecht vum 25. Mee 1687 zu Lëtzebuerg op d'Welt komm war. De Kinnek war averstanen. Bei der Daf vum Kand, dat an der Nikloskierch op den Numm Louis gedeeft gouf, huet hie sech vun zwéi franséischen Adelege vertriede gelooss.
  • De Jean Racine schreift an engem Bréif, deen en zu Lëtzebuerg u säi Frënd Nicolas Boileau geschriwwen huet:

"D'Rees gëtt em dräi Deeg verlängert a mir bleiwen hei bis den nächste Méindeg. De Virwand sinn d'Riedele vum Grof vun Toulouse; awer déi wierklech Ursaach ass sécherlech de Spaass, deen de Kinnek u senger Eruewerung huet, an datt hien net béis driwwer ass, se a Rou inspizéieren ze kënnen.

Wa Seng Majestéit aus der Kierch kënnt, muss him all Kéier e Passage duerch déi vill Leit fräigemaach ginn, déi komm sinn, fir hien ze gesinn an hie mat Vive z’acclaméieren, oder villméi mat fif, mam lokalen Accent, ouni datt de Vive vun de Wierder Le Roi begleet ass."[2]

Wat haut nach an der Stad Lëtzebuerg ze gesinn ass[änneren | Quelltext änneren]

  • Op der Fassad vum fréiere Ste-Sophiesgebai an der Kongregatiounsstrooss (rue de la Congrégation):
    • de Wope vum Louis XIV;
    • eng Erënnerungsplack un den Openthalt vum franséische Kinnek an dem Jean Racine;
  • Un der Méchelskierch:
    • de faarwege Wope vum Louis XIV. iwwer der Entrée;
    • eng Kanounekugel vun der franséischer Artillerie um Kierchtuerm;
  • An der Kierch am Stadgronn: den Haaptaltor mam Wope vum Louis XIV.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Adam Frans van der Meulen, de flämesche Moler deen zwéin Tableaue vun der Belagerung vu 1684 vun der Festung Lëtzebuerg hannerlooss huet.

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Reuter, Joseph, 1964. Aus der tausendjährigen Geschichte der St. Michaelskirche. In: L'église Saint-Michel à Luxembourg 987-1964. Éditions Saint-Paul. Cf. S. 20.
  2. Original-franséischen Text: Le voyage est prolongé de trois jours, et on demeurera ici jusqu'à lundi prochain. Le prétexte est la rougeole de M. le comte de Toulouse ; mais le vrai est apparemment que le Roi a pris goût à sa conquête, et qu'il n'est pas fâché de l'examiner à loisir.
    À la sortie de l'église on doit chaque fois frayer un passage à Sa Majesté à travers la foule venue le voir et l'acclamer par des Vive ou des Fif avec l'accent local, acclamations qui ne sont jamais suivies des mots: Le Roi.