Operatioun Greif

Vu Wikipedia
Kaart vun der Ardennenoffensiv

D'Operatioun Greif ënner dem Kommando vum Oberstumbannführer Otto Skorzeny war eng vun zwou Diversiounsmissioune vun der 150. Panzerbrigade an den éischten Deeg vun der Ardennenoffensiv. Déi aner gouf Operatioun Stösser gedeeft. Am Ufank stoung d'150. Panzerbrigade ënner dem Kommando vum Obertsleutnant Hermann Wulf, dee se de 14. Dezember dem Skorzeny iwwerginn huet.

Truppendeeler vun der 150. Panzerbrigade, déi am November 1944 op d'Bee gesat gi war, sollten eng sougenannt Operatioun ënner falschem Fändel duerchzéien. Fir déi Aktioun goufen amerikanesch Uniformen a Krichsmaterial gebraucht, an et goufen Zaldote rekrutéiert déi englesch schwätze konnten. D'Haaptmissioun war fir en Duercherneen ënner den alliéierten Truppen ze provozéieren, souwéi Brécke sécheren, sech alliéiert Provisiounslageren an den Ardennen ënner den Nol rappen, a falsch Uerderen un d'US-Verbänn weiderzeleeden.

Et goung awer scho mat Schwieregkeeten un. Vun de knapps 3.000 Mann hunn der nëmme ronn eng Dosen (oder je no Quell héchsten 30) fléissend Englesch-Amerikanesch geschwat, an eng ronn 400 konnte schappeg Englesch schwätzen. Dowéinst gouf d'Unitéit op 2 Batailloune reduzéiert, an déi déi am beschte schwätze konnte koumen an de Spezialkommando Steinhau. De Versuch fir amerikanescht Material ze sammelen hat och kee groussen Erfolleg, well déi puer däitsch Unitéiten déi den Amerikaner Jeepen ofgeholl haten, wollten déi net hierginn, an d'Tanksen an d'Automitrailleusen déi zesummegeraaft goufen, waren all an engem miserabelen Zoustand. Den Dag vun der Offensiv ware knapps 40 % vun der Brigade mat amerikaneschem Geschier ausgerëscht. Vun dräi Shermantanksen war nëmmen e betribsfäeg. Soss hat se nach eng fofzéng Camionen, a knapps drësseg Jeepen, wat bei wäitem net duergoung. Sou goufe séier fënnef Pantheren ëmgebaut fir datt se sollen den amerikanesche Juegdtanksen M10 gläichen a fënnef STG III goufe sou getarnt datt se net erëmzerkenne waren.

D'Operatioun Greif gouf an zwou verschidde Missiounen agedeelt. D'Grupp Steinhau mat 44 Mann gouf a sechs Gruppe vun e puer Mann mat enger Jeep, gespléckt. Véier aner Gruppe sollte sech hanner déi amerikanesch Linnen infiltréiere fir Renseignementer ze sammelen an zwou sollten Diversiounsmissounen erfëllen, wéi z. B. Brécken zerstéieren, de Verkéier duerchernee bréngen (z. B. Stroosseschëlter ëmdréinen), oder och nach d'Telefonsleitungen duerchschneiden. De Rescht blouf hanner de Linne vun der 1.SS-Panzerdivisioun a soubal wéi d'Héicht Venn op de Koppe vun Elsenborn erreecht war, sollte se virun d'Panzerdivisioun kommen a sou maache wéi wa s'amerikanesch Truppe wieren déi virum Ugrëff fortlafen. Se sollte probéiere bis op d'Meuse ze kommen an op d'mannst zwou Brécken z'erueweren sief et déi vun Amay, déi vun Andenne oder déi vu Huy.

D'Steinhauekippe waren an den zwéin eischten Deeg vun der Offensiv mat vir bäi. Op d'mannst 8 Ekippe goufe gefaange geholl, déi amerikanesch Archive schwätze vun 18 Zaldoten. De reellen Impakt vun deenen Ekippen ass schwéier ze schätzen, well se iergendwéi legendär goufen. Se haten effektiv keng grouss Entdeckunge gemaach an haten och keng dichteg Zerstéierungen opweises, mä well se gefaange goufen, hu se fir Duercherneen an den amerikanesche Reie gesuergt. D'106. US-Divisioun hat sou Dokumenter an d'Hand kritt déi a grousse Linnen d'Objektiver vun der Operatioun beschriwwen hunn, an déi gefaangen Zaldoten hunn hinne vill erzielt an anengems en ettlech falsch Informatiounen ënnergejubbelt. Sou hu se gesot datt eng Ekipp ënnerwee wier fir de Generol Eisenhower ëm den Eck ze bréngen, wat mat sech bruecht huet, datt deen e puer Deeg a sengem QG festsouz. All déi proposéiert Methode fir déi falsch Amerikaner vun de richtegen z'ënnerscheeden hu fir méi Durchernee gesuergt, wéi se wäert waren.

Well déi 1. SS-Panzerdivisioun déi amerikanesch Linnen op der Héicht vun Elsenborn net am éischten Ulaf iwwerrannt kruten, war et fir de Skorzeny kloer, datt seng Truppen net wéi virgesinn, konnten agesat ginn. De 17. Dezember owes krut en d'Autorisatioun fir seng Panzerbrigad zesumme mat der 1. Panzerdivisioun anzesetzen, fir Malmedy dat vun der Kampfgruppe Peiper riets leie gelooss gi war, z'erueweren. Se blouf do bis Enn Dezember, a gouf dunn an Däitschland zeréckgezunn an opgeléist.

Quellen a soss Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • MacDonald, Charles B.: The Battle of the Bulge, 1984, Weidenfeld and Nicolson, London, 712 Säiten.
  • Bauer, Eddy & Colonel Rémy: L'offensive des Ardennes, Italien August 1983, Christophe Colomb, 144 Säiten. ISBN 2-88097-101-2
  • Arend, G. F., 1985. La bataille pour Bastogne. Sagato s.a.. Imprimerie Lesire, Liège. 333 S.
  • La bataille des Ardennes1 Saint-Vith et le bord du nord du saillant, Osprey publishing.
  • Bastogne, la bataille des Ardennes, Marabout 1968 (Histoire illustrée de la seconde guerre mondiale.
  • Larousse de la seconde guerre mondiale.