Mécken-Aperhoerorchidee
|
Ophrys insectifera | |
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
|---|---|
| Räich | Planzeräich |
| Stamm | Orchideae |
| Ënnerstamm | Orchidinae |
| Iwwerofdeelung | Somplanzen |
| Ofdeelung | Bléieplanzen |
| Klass | Monokotyledonen |
| Uerdnung | Asparagales |
| Famill | Orchideeën (Orchidaceae) |
| Ënnerfamill | Orchidoideae |
| Gattung | Ophrys |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| Ophrys insectifera | |
| Carl von Linné 1753 | |
|
| |
D'Mécken-Aperhoerorchidee (Ophrys insectifera), ass eng Orchideeënaart aus der Gattung Ophrys. Si ass bekannt als Beispill vun enger Mimikri, déi Sexualpartner vun Insekten nomécht, fir Bestäuber unzelackelen.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Ophrys insectifera ass eng ausdauernd krauteg Pflanz, déi vu 15 bis 40 Zentimeter héich gëtt. Se si Geophyten a bilden zwou ënnerierdesch, eefërmeg Knollen als Iwwerdauerungsorgan. D'Stiller sinn dënn a gréngelzeg-giel. Déi zwee bis fënnef Blieder sinn a Form enger Rosette arangéiert, woubäi se riicht no uewe stinn.
Se bléien tëscht Mee a Juli. D'Bléie sinn zwittereg a zygomorph. D'Kielechblieder]] si gréng, 5 bis 9 Millimeter laang an 3 bis 4 Millimeter breet. D'Krouneblieder]] si fuedemfërmeg, behoert a 6 bis 10 Millimeter laang. D'Lëps, déi aus dräi Deeler besteet, ass 10 bis 12 Millimeter laang, liicht behoert an de mëttelsen Deel ass gespléck, meeschtens brong mat enger liichter Nuance qn d'Rout. D'Mol steet direkt an der Mëtt vun der 'Lëps', gro-blo bis metallesch-blo gefierft.
Den Numm kënnt dohir, well hire Bléiestand (Infloreszenz) enger Méck gläicht, och wann et am Fong Hymenoptera sinn, op déi et fir d'Polliatioun ugewisen ass: D'Blumm täuscht déi männlech Aperhoerorchideeën-Zikadenharespele mat hirem Doft, deen dës iwwert Kilometere riche kënnen. Souguer d'Ausriichtung vun den Hoer op der Bléi entsprécht där vun engem Harespelsweibchen.
Virkommen
[änneren | Quelltext änneren]D'Ophrys insectifera kënnt just an Europa vir, och a méi kale Géigende wéi am Ural oder a Skandinavien, oder an den Alpen bis op 1500-1800 m erop. Just a Portugal, Island, Bulgarien, Moldawien an an der Tierkei gëtt et keng.
Se wiisst am beschten op kallekhaltegem, labberen, leemegen oder tounegem Buedem, wou och Humus mat dran ass. Se huet Hallefdréchewisen, Traisch an hell Dréchebëscher gär, a Géigende mat summerwaarmem Klima.
D'Aaart ass a Mëtteleuropa éischter sielen.
zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Zu Lëtzebuerg kënnt d'Mécken-Aperhoerorchidee op dréchenem waarme Kallekdréchewues am Guttland vir.[1] Si gouf an der éischter Hallschecht vun den 2020er Joren am Weste vum Guttland op verschiddene Standuerten observéiert.[2]
Taxonomie a Systematik
[änneren | Quelltext änneren]D'Ophrys insectifera gouf 1753 vum Carl von Linné a sengem Species Plantarum Tomus II, S. 948. beschriwwen. De Gattungsnumm Ophrys kënnt vum Algriichesche Wuert όφρύς ophrys fir Aperhoer. D'Epitheton vun der Aart insectifera ass ofgeleet vum laténgeschen insectifer = "Insektendréier". En Synonym ass Ophrys muscifera ("Méckendréier").
Dräi Ënneraarte kënnen ënnerscheet ginn:
- Ophrys insectifera subsp. aymoninii (Breistr.): Si kkënnt a Frankräich a Spuenie vir.
- Ophrys insectifera subsp. insectifera: Si kënnt ausser am Norden, an Europa vir.
- Ophrys insectifera subsp. subinsectifera (C.E.Hermos. & Sabando) O.Bolòs & Vigo}}: Sie kënnt am nërdleche Spuenie vir.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Ophrys insectifera.
- Ophrys insectifera, Planz.
- Scheema ( Prof. Dr Otto Wilhelm Thomé: Flora von Deutschland, Oesterreich und der Schweiz, 1885.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Ophrys insectifera – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Mécken-Aperhoerorchidee op orchid.mnhn.lu (nogekuckt: 14.08.2025).
- ↑ Mécken-Aperhoerorchidee Ophrys insectifera op inaturalist.lu (nogekuckt:14.08.2025).
