Optesche Wee

Vu Wikipedia

Den optesche Wee L (oder d'optesch Weelängt) ass an der Wellenoptik d'Längt vun der Streck, fir déi d'Liicht am Vakuum déi selwecht Zäit benotzt wéi fir e Wee mat méiglecherweis ofwäichender Phasevitess (der Vitess, mat där d'Wellefronten d'Liicht entfalen).

D'Differenz vun den optesche Weelängte vun zwéi Weeër heescht Gangënnerscheed.

Berechnung[änneren | Quelltext änneren]

D'Verhältnes vun der Liichtvitess am Vakuum zu der Phasevitess am Medium ass de Refraktiounsindex n vum Medium. Wann deen op dem Wee deelweis konstant ass, wéi z. B. beim Stralverlaf duerch e Lënsesystem, dann ass déi optesch Weelängt eng Zomm iwwer d'Deelstrecken :[1]

Wann de Refraktiounsindex dogéint vu Plaz zu Plaz wiesselz, z. B. bei enger Loftspigelung, da gëllt allgemeng:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Max J. Riedl: Optische Grundlagen für Infrarotsysteme (= Tutorial Texts in Optical Engineering. 56). SPIE Press, Bellingham WA 2002, ISBN 0-8194-4499-5, S. 80.