Oranje-Fräistaat

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Oranje-Fräistaat
Oranje-Vrijstaat

Fändel vum Oranje-Fräistaat

Wopen vum Oranje-Fräistaat

Detailer

Detailer
National Devise: Gehuld en moed
Orange Free State map.png
Offiziell Sprooch: Hollännesch
Haaptstad: Bloemfontein
Staatsform: Republik
Fläch: 181.299 km²
Bevëlkerung: ronn 100.000 (1875)
Nationalhymn: Vrijstaatse Volkslied
Währung: Oranje-Fräistaat-Pond

Den Oranje-Fräistaat (op Hollännesch: Oranje-Vrijstaat, op Afrikaans: Oranje-Vrystaat, op Englesch: Orange Free State) war en eegestännegt Land am Süde vun Afrika, um Territoire vun haitege Südafrika,[1] dee vun 1854 bis 1902 bestanen huet.

E gouf vun de Bure gegrënnt , déi sech do, um Enn vum sougenannte Groussen Treck, néiergelooss hunn, nodeem se der Kapkolonie de Réck gedréit haten, déi ewell eng britesch Kolonie war. 1902 hunn d'Briten den Zweete Burekrich gewonnen an den Oranje-Fräistaat gouf eng britesch Kolonie.

1907 krut den Oranje-Fräistaat (wéi och Transvaal) d'Recht op Autonomie an eng eege Regierung zougestanen. 1910 huet e mat der Kapkolonie an Natal d'Südafrikanesch Unioun gebilt, en Dominion bannent dem Briteschen Empire, deemno de facto e souveräne Staat.

Den Territoire huet vun 1910 bis 1994 als Provënz Oranje-Fräistaat virubestanen; zanterdeems heescht e Provënz Fräistaat (Sesotho: Foreistata, Afrikaans: Vrystaat Provinsie, englesch: Free State).[2]

De Stack vun der Bevëlkerung ware Buren, Sotho an Tswana.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Oranje-Fräistaat – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 http://www.britishempire.co.uk/maproom/orange.htm
  2. https://history.state.gov/countries/orange-free-state