Ordre de la Résistance 1940–1944
Den Ordre de la Résistance 1940–1944 ass duerch Arrêté grand-ducal vum 30. Mäerz 1946[1], modifizéiert duerch groussherzoglech Reglementer vum 27. Mee 1967[2] an 24. Dezember 2003[3], agefouert ginn. E gëtt u lëtzebuergesch - an och exzeptionell un auslännesch - Zivilpersoune verginn, opgrond vun hire Verdéngschter an hirem bewisene Courage wärend der däitscher Occupatioun 1940-1944.
- Dësen Uerde besteet aus zwéi Graden: dem Kräiz an der Medail.
- d'Kräiz ass aus Bronze mam Monogramm vun der groussherzoglecher Kroun drop. Op der viischter Säit ass de Kapp vum heraldesche Léiw mat der Opschrëft « Je maintiendrai » an de Joreszuelen « 1940-1944 ». Hannen drop ass e Lorberkranz mam Buschtaf R (Resistenz);
- d'Medail ass och aus Bronze. Vir drop ass den heraldesche Léiw vu Lëtzebuerg deen eng Ketten duerchbrécht. Op der anerer Säit ass de Monogramm mat zwee Lorberblieder an der Opschrëft « Je maintiendrai » mat de Joreszuelen « 1940-1944 ».
Zanter dem Règlement grand-ducal vum 24. Dezember 2003[3], gëtt d'Kräiz nëmme méi à titre posthume accordéiert an d'Iwwerreeche vu Medailen an deem Uerden ass ofgeschaaft ginn.
Titel an Insigne als Resistenzler
[änneren | Quelltext änneren]Opgrond vun engem Gesetz vum 14. Mäerz 1968[4] konnt d'Regierung och den Éierentitel Resistenzler accordéieren. Dësen Éierentitel gouf ëmgesat duerch en Insigne an en Auswäis.
Mam Gesetz vum 21. Juni 2016 gouf den Éierentitel nees ofgeschaaft[5].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëtzebuergesch Auszeechnungen an Éierenzeechen
- Médaille de la reconnaissance nationale
- Dokter Nicolas Huberty
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ordre de la Résistance 1940–1944 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Regierung iwwer d'Lëtzebuerger Auszeechnungen an Éierenzeechen
- Lëscht vun de Persounen déi posthum d'Éierekräiz kruten
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Arrêté grand-ducal du 30 mars 1946 portant institution d'une décoration civique op legilux.lu, gekuckt den 11. Mäerz 2019
- ↑ Règlement grand-ducal du 27 mai 1967 portant modification de l'article 6 de l'arrêté grand-ducal du 30 mars 1946 portant institution d'une décoration civique
- ↑ 3,0 3,1 Règlement grand-ducal du 24 décembre 2003 modifiant l'arrêté grand-ducal modifié du 30 mars 1946 portant institution d'une décoration civique
- ↑ Loi du 25 février 1967 ayant pour objet diverses mesures en faveur de personnes devenues victimes d'actes illégaux de l'occupant
- ↑ Loi du 21 juin 2016 portant création d'un Comité pour la mémoire de la Deuxième guerre mondiale et portant: 1. modification de la loi modifiée du 25 février 1967 ayant pour objet diverses mesures en faveur de personnes devenues victimes d'actes illégaux de l'occupant (...)