Ordre national de la médaille du Mérite sportif

Den Ordre national de la médaille du Mérite sportif[1] ass e Lëtzebuerger Verdéngschtuerden deen den 8. Oktober 1945 duerch en Arrêté grand-ducal agefouert gouf[2].
All Persoun déi sech besonnesch a permanent fir d'kierperlech Erzéiung an de Sport agesat huet, ka mam Uerde vum Mérite sportif ausgezeechent ginn; e kann och posthum verdeelt ginn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Uerden ass 1945 an d'Liewe geruff gi fir Verdéngschter am Turnen, am Sport an am Scoutissem z'éieren. Nodeems den Arrêté mat deem en agefouert gi war 1976 ofgeschaaft gouf, ass de Verdéngschtuerde mam Gesetz vum 26. Mäerz 1976 nei definéiert ginn[3] an d'Ausféierungbestëmmunge goufen am Joer duerno festgehalen[4].
Graden
[änneren | Quelltext änneren]Den Uerde vum Mérite sportif besteet aus dräi Graden:
- bronze Verdéngschtmedail,
- sëlwer Verdéngschtmedail,
- gëlle Verdéngschtmedail.
Ausgesinn
[änneren | Quelltext änneren]Op der viischter Säit vun der Verdéngschtmedail vum Mérite sportif steet « Luxembourg - Médaille du Mérite Sportif » an hannendrop sinn e Lorberhallem, fënnef Réng déi anenee geschlonge sinn an den Datum wéini den Uerde geschaf gouf, den 8. Oktober 1945.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Franséisch Schreifweis wéi se ë. a. vum Service information et presse benotzt gëtt. Am Originaltext vun 1945 steet « la Médaille du Mérite sportif »
- ↑ Arrêté grand-ducal du 8 octobre 1945 concernant l'éducation physique, l'organisation sportive et l'hygiène sociale S. 778. data.legilux.public.lu (08.10.1945). Gekuckt den 13.04.2025. „Art. 14. Une distinction honorifique « la Médaille du Mérite sportif» en bronze, argent et vermeil sera créée par arrêté ministériel à titre de reconnaissance nationale pour services éminents et constants rendus à la cause de l ́éducation physique, des Sports et du scoutisme. L ́insigne sportif, créé par arrêté ministériel du 10 juin 1939 est maintenu.“
- ↑ (fr) Loi du 26 mars 1976 concernant l'éducation physique et le sport. data.legilux.public.lu (26.03.1976). Gekuckt den 13.04.2025. „Art. 33. Un ordre national, la Médaille du Mérite Sportif, peut être décerné à des personnes ayant rendu des services éminents et constants à la cause de l ́éducation physique et des sports.“
- ↑ (fr) Règlement grand-ducal du 23 avril 1979 concernant l'Ordre national de la Médaille du Mérite Sportif. data.legilux.public.lu/. Gekuckt den 13.04.2025.